Déifferdeng gewënnt säi Match kloer géint Esch an Dikrech klappt de Museldall ganz knapp. Et waren déi lescht Matcher an der regulärer Saison.

Axa League Dammen
Am leschte Match vun der regulärer Saison huet sech Diddeleng mat 25:20 géint Käerjeng behaapt a feiert domat déi 14. Victoire am 14. Match. Schonn den Allermatch konnt den HBD 37:25 fir sech entscheeden.

Mam Mikel Molitor an dem Dan Mauruschatt op der Trainerbänk stounge sech zwee best Buddies géintiwwer, mee d'Frëndschaft huet fir 60 Minutte musse rouen. De Mauruschatt huet jo eréischt am Januar zu Käerjeng iwwerholl. An hir Ekippen hu sech iwwer 60 Minutten näischt geschenkt. An der éischter Hallschent konnt sech keng Ekipp méi wéi zwee Goler ofsetzen, sou dass et mat 10:10 an d'Kabinne goung.

Diddeleng huet sech iwwer de ganze Match immens schwéier gedoen, wat den Trainer Molitor net zefridde gestallt huet. Eréischt um Enn vum Match konnt den HBD seng Stäerkt ausspillen a Käerjeng op méi Goler distanzéieren. Käerjeng muss domat déi zweet Néierlag an dëser Saison astiechen an huet elo 4 Punkte Réckstand op Diddeleng.

D'Red Boys Déifferdeng gewannen hire leschte Match kloer 30:22 géint den HB Esch. Déi éischt Hallschent konnt Esch den Ecart nach kleng halen - an der Paus stoung et 16:12 -, mee nom Säitewiessel hunn d'Gäscht 8 Minutte fir den éischte Gol gebraucht. Déifferdeng konnt an där Phas e 4:0 realiséieren an domat de Grondstee fir d'Victoire leeën. D'Sarah Kupke vun Déifferdeng war mat 9 Goler déi bescht Scorerin.

De Chev Dikrech behaapt sech in extremis 23:22 beim HB Museldall a séchert domat Plaz 5 of. Béid Ekippe wäerten awer net am Titel-Playoff vertruede sinn, well do just déi véier bescht Ekippen untrieden.

Den HC Atert Réiden konnt och am leschte Match keng Victoire feieren. D'Ekipp aus dem Atertdall verléiert 26:30 géint den direkte Konkurrent Standard a geet als Tabelleleschten an de Playdown.

Nächst Woch stinn nach d'Coupe-Matcher bei den Dammen an den Hären um Programm.