Tschofenig gewënnt Schisprangen zu Willingen

© AFP (Archiv)
Bei den Europameeschterschaften am Biathlon goufen an de leschten Deeg Medaile verdeelt. Am Schi Alpin gouf d'Descente vun den Hären e Sonndeg ofgesot.
Am Schisprangen am däitsche Willingen huet den Daniel Tschofenig seng staark Leeschtung op en Neits ënner Beweis gestallt. Den Éisträicher huet sech mat Spréng vun 135,5 an 142 Meter d'Victoire virum Sloween Anze Lanisek a sengem Landsmann Maximilian Ortner geséchert. Déi däitsch Schisprénger hu beim Heemspill en Debakel erlieft. De Felix Hoffmann war mat Plaz 15 beschten Däitschen, den Andreas Wellinger koum op Plaz 17 an de Pius Paschke, dee sou e gudde Start an d'Saison hat, gouf 30.
Bei den Dammen, déi wéi d'Hären zu Willingen gespronge sinn, konnt d'Norweegerin Eirin Kvandal eng Victoire verbuchen. Si huet sech kloer virun hirer Landsfra Anna Odine Strøm an der Jacqueline Seifriedsberger duerchgesat. D'Nika Prevc aus Slowenien, déi Leaderin am Weltcup ass, gouf 6. an huet hir Avance op d'Däitsch Katharina Schmid (11.) weider ausgebaut.
Am Biathlon ginn am Moment d'Europameeschterschaften iwwer d'Bün. E Freideg hat sech d'Schweedin Anna Karin Heijdenberg no enger feelerfräier Leeschtung Gold am Sprint geséchert. Si hat am Zil eng kloer Avance vun 49,3 Sekonnen op d'Franséisin Amandine Mengin, Bronze goung un d'Lettin Baiba Bendika (+ 49,4 Sekonnen). Bei de Männer war déi gëlle Medail fir den Norweeger Sivert Guttorm Bakken. Hie konnt sech viru sengem Landsmann Vetle Sjaastad Christiansen (+ 6,6 Sekonnen) an dem Frederik Mühlbacher (+ 10,2) placéieren.
D'Descente vun de Männer am Schi Alpin, déi fir e Sonndeg ugesat war, gouf wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ofgesot.
Bei den Damme war schonn en Donneschdeg déi lescht Kompetitioun virun der WM am franséische Courchevel, wou sech d'Kroatin Zrinka Ljutic virun der Sara Hector (Schweden) an der Lena Dürr (Däitschland) duerchsetze konnt.
Am Schi Alpin steet an den nächsten zwou Wochen d'Weltmeeschterschaft zu Saalbach-Hinterglemm an Éisträich um Programm.