Positiv Serie vu St. Pauli räisst

© Val Wagner (Archiv)
Fir d'Lëtzebuerger an hir Ekippe gouf et bis elo net vill ze feieren: 2 Victoiren, 5 Gläichspiller an eng Néierlag stinn an de Bicher.
Sonndeg
Am belsche Championnat huet Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris mat 2:1 géint St. Truiden gewonnen. D'Lëtzebuerger Nummer 1 steet mat senger Ekipp op der 3. Plaz an der Tabell.
An der zweeter Divisioun an der Belsch huet Francs Borains mam Alessio Curci 1:3 géint Patro Eisden de Kierze gezunn. De Lëtzebuerger stoung an der Startopstellung an hat seng Ekipp an der 19. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht. An der 74. Minutt gouf de Lëtzebuerger ausgewiesselt.
Samschdeg
D'positiv Serie vu St. Pauli ass gerass. No zwou Victoiren hu sech d'Hamburger mat engem 1:1 géint Augsburg mussen zefridde ginn, obwuel si déi besser Ekipp waren. St. Pauli huet elo 7 Punkte Virsprong op d'Relegatiounsplaz. Den Danel Sinani gouf eréischt an der 80. Minutt agewiesselt a kuerz drop huet Augsburg den Ausgläich geschoss.
Den Yvandro Borges stoung bei der 2:1-Victoire vu Gladbach zu Stuttgart wéinst Krankheet net am Kader.
Erzgebirge Aue huet um 22. Spilldag an der drëtter däitscher Liga eng Defaite astieche mussen. D'Ekipp aus Ostdäitschland, wou de Lëtzebuerger Tim Kips Ersatzgolkipp ass, huet am Ostduell géint Dynamo Dresden 1:2 verluer. Aue steet am Moment am séchere Mëttelfeld vun der Tabell.
Freideg
No dräi konsekutiven Néierlagen huet Elversberg an der zweeter däitscher Bundesliga mol nees e Punkt gesammelt. Géint den direkte Konkurrent Karlsruhe gouf et doheem en 2:2 fir d'Ekipp vum Co-Trainer Raphael Duarte.
An der franséischer Ligue 2 hu sech Bastia a Metz 1:1 getrennt. De Florian Bohnert stoung fir dëse Match net am Kader.
Fir den Enis Mahmutovic a Breda gouf et um 21. Spilldag an der hollännescher Eredivisie en 1:1 géint Almelo. Breda muss souwuel no ënne kucken, mee och no uewen ass nach eppes méiglech. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung fir dëse Match am Kader, gouf awer net agesat.
An der aserbadjanescher Liga muss Sabah FK eng batter Néierlag hinhuelen. D'Ekipp vum Vincent Thill verléiert géint den Tabelleleschten 2:3 a béisst domat wichteg Punkten am Kampf ëm d'Qualifikatioun fir d'Conference League an. De Lëtzebuerger gouf an der 64. Minutt agewiesselt, do stoung den Endstand scho fest.
Am Match tëscht Hermannstadt an Arad ass kee Gol gefall. De Vahid Selimovic stoung wärend den 90 Minutte beim Tabellennéngten um Terrain. Hermannstadt huet nach ëmmer d'Méiglechkeet, sech fir de Playoff an der rumänescher Superliga ze qualifizéieren.
Fir de Seid Korac a Vojvodina leeft et am Moment net schlecht an der serbescher Super Liga: 3 Victoiren, 1 Gläichspill an eng Defaite aus de leschte 5 Matcher. Géint Napredak huet sech Vojvodina mat engem 1:1 mussen zefridde ginn. De Korac huet duerchgespillt.