An der NBA gouf et ee Spillerwiessel, deen d'Liga op d'Kopp gehäit: mam Luka Dončić an Anthony Davis wiesselen zwee Superstars d'Ekipp.

Dësen Trade ass eng grouss Iwwerraschung. De 25 Joer alen Dončić, deen dës Saison wéinst enger Verletzung vill Matcher verpasst huet, wiesselt vun den Dallas Mavericks bei d'Los Angeles Lakers wou hie mam Lebron James wäert zesummespillen. Am Géigenzuch wiesselt den 31 Joer alen Anthony Davis vu Los Angeles bei d'Mavericks, de Finalist vu leschter Saison. E puer weider Spiller a "Picks" sinn an dësem Deal mat dran. D'Reaktiounen op den Trade sinn an der NBA-Zeen grouss: insgesamt ass een iwwerrascht, dass d'Mavericks hire jonke Starspiller de Veräi wiessele loossen.