Patrizia van der Weken wënnt 60-Meter-Course zu Ostrava

© Roland Miny (Archiv)
Et war ee staarken Optrëtt vum Patrizia van der Weken beim internationalen Liichtathletik-Meeting zu Ostrava an der Tschechescher Republik.
Déi 25 Joer al Sprinterin huet lo den Dënschdeg den Owend d‘Finall iwwer 60 Meter mat engem Chrono vun 7 Sekonnen 08 gewonnen.
Am Kader vun der 60-Meter-Course ass d'Patrizia van der Weken en neien nationale Rekord iwwer 50 Meter gelaf. An der Finall iwwer 60 Meter ass d'Lëtzebuergerin no 50 Meter an enger Zäit vu 6 Sekonnen an 12 Honnertstel passéiert. Fir van der Weken a Swoboda war et no 50 Meter eng nei Welt-Jores-Beschtleeschtung an eng vun de séiersten Zäiten, déi jee iwwer 50 Meter gelaf ginn ass. De Weltrekord vum Irina Privalova aus dem Joer 1995 läit bei 5 Sekonnen a 96 Honnertstel. D'Zäiten iwwer 50 Meter ginn am Kader vun der 60 Meter-Course gestoppt.
D‘Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer war mat hirer Leeschtung iwwer 60 Meter just eng Honnertstel méi lues wéi bei hirem nationale Rekord, dee si virun zwou Wochen an der Coque verbessert hat.