Réckronn an der BGL Ligue - Wie kann Déifferdeng nach anhuelen?
Dëse Weekend geet an der BGL Ligue d'Réckronn un. Wie kann nach e Wiertchen ëm de Championstitel matschwätzen a wéi gesäit et am Ofstigskampf aus?
Den amtéierende Champion Déifferdeng steet no der Hironn mat 40 Punkten un der Tabellespëtzt. D'Ekipp vum Trainer Pedro Resende huet vu 15 Matcher nëmmen ee verluer an ee gläichgespillt. Déi aner 13 Matcher konnt een alleguerte gewannen. Deemno hunn déi Déifferdenger schonn eng Avance vu 7 Punkten op den Tabellenzweeten Diddeleng an den Tabellendrëtte Racing. De Swift Hesper steet op der 4. Plaz mat 30 Punkten an de Progrès Nidderkuer op der 5. Plaz mat 29 Punkten. Dës fënnef Ekippen dierften de Championstitel ënnert sech ausmaachen.
Wien huet déi beschte Chancen?
Den FCD03 huet sécherlech déi beschte Kaarten. De Champion aus dem leschte Joer huet déi komplett Hironn stabil gewierkt an och wann hiren Topscorer Jorginho de Veräin verlooss huet, dierft de Kader genuch Qualitéit hunn, fir dëse Verloscht ze kompenséieren. Donieft war den Tabelleleader och um Transfertmaart aktiv an huet mam Federico Varela ee Spiller engagéiert, dee scho vill international Erfarunge sammele konnt.
Op der zweeter Plaz, mat wéi gesot 7 Punkte Retard, steet den F91 Diddeleng. D'Ekipp aus der Forge du Sud huet eng gutt Hironn gespillt, sech awer wéinst Divergenze vum Trainer Marco Martino getrennt. Elo muss ee kucken, wéi den neien Trainer Mickael Almeida Pinto seng Ekipp op d'Réckronn preparéiert huet. Mam Kai Merk vu Péiteng huet een iwwerdeems d'Offensiv gestäerkt an den Alan Aussi vun CFR Cluj soll Stabilitéit an d'Defense bréngen.

E bëssen iwwerraschend steet de Stater Racing no 15 Spilldeeg op der 3. Plaz. Den Trainer Yannick Kakoko, dee virun der Saison engagéiert gouf an nach déi viregt Saison zu Péiteng an der Verantwortung war, huet d'Ekipp vum Verluerekascht stabiliséiert. Virop hat ee virun der Saison och richteg gutt Spiller bäikritt, dat mam Yann Mabella, Okpo Mazié an Nestor Monge. Sollt um Enn eng europäesch Plaz fir de Racing eraussprangen, dierft dat jiddereen zefridde stellen.
Beim Swift Hesper leeft dëser Deeg bei wäitem net alles esou wéi geplangt. Op sportlechem Plang huet ee schonns 10 Punkte Réckstand op den Tabelleleader Déifferdeng. De gréisste Problem vum Swift gëtt et awer nieft dem Terrain. Nodeems d'Hesper Spiller um 14. Spilldag gestreikt hunn, well wuel eng Partie Salairen net bezuelt goufen, hunn eng Partie Stammspiller d'Ekipp vum Holleschbierg an der Wanterpaus verlooss. Esoulaang de Swift keng Rou an deen Dossier kritt, kann een net dovunner ausgoen, datt Hesper nach e Wiertchen ëm de Championstitel matschwätze kann.
De Progrès Nidderkuer huet als Tabbellefënnefte wuel schonn 11 Punkte Réckstand, ma d'Ekipp vum Trainer Jeff Strasser huet sech an der Wanterpaus gutt verstäerkt. Vun Tréier wiesselt de Vincent Boesen an de Grand-Duché a mam Lars Gerson huet de Progrès e 97-fache Lëtzebuerger Nationalspiller bäikritt. Den Defenseur bréngt vill Erfarung mat an dierft der Ekipp nach méi Stabilitéit ginn.

Wéi gesäit et am Ofstigskampf aus?
D'Ekippen op de Plaze 6 bis 10 dierften normalerweis net all ze vill mam Ofstigskampf ze dinn hunn. Stroossen, Munneref, d'Jeunesse, Rouspert a Péiteng hunn ze vill Qualitéiten, fir wäit no ënnen ze rutschen, sinn awer och net gutt genuch, fir grouss Spréng no uewen ze maachen.

Deemno dierften déi lescht 6 aus der Hironn d'Haaptacteure sinn a Saache Kampf géint den Ofstig.
Hueschtert steet virun der Réckronn op der 11. Plaz mat 16 Punkten. Offensiv wousst d'Ekipp aus dem Gréngewald dacks ze iwwerzeegen, dofir war dat defensiv awer bei wäitem net dat Gielt vum Ee. D'Ekipp vum Marc Thomé krut a 15 Matcher ganzer 37 Goler geschoss an huet domat déi zweetschlechtst Defensiv aus der Liga. Wann déi Hueschterter hir Defense stabiliséiert kréien an de Kenan Avdusinovic, 13 Goler an der Hironn, och an der Réckronn esou zilsécher bleift, sollt et mam Maintien klappen.
Den FC Wolz 71 huet an den éischte 15 Matcher 14 Punkte gesammelt a steet domat op der 12. Plaz. De Veräin aus dem Norde vum Land huet eng Partie ganz gutt Spiller a senge Reien an dierft duerch déi besser Resultater aus de leschte Matcher mat méi Confiance an d'Réckronn goen. Nawell muss een oppassen, datt een um Enn vun der Saison net awer nach op eng Relegatiounsplaz rutscht.
Den Opsteiger Beetebuerg steet aktuell op der éischter Relegatiounsplaz mat 13 Punkten. Domat huet een nach eng kleng Avance op eng direkt Ofstigsplaz, ma nawell dierft et schwéier ginn, méi wäit no vir an der Tabell ze kommen. Et feelt dem Kader einfach un der néideger Déift.

Rodange a Beetebuerg kämpfen ëm de Maintien.
Rodange huet zanter 6 Spilldeeg net méi gewonnen an ass domat op déi 14. Tabelleplaz erofgerutscht. Am ganze gouf et just zwou Victoiren a 15 Matcher, dat geet einfach net duer, wann ee wëll drableiwen. Den Opsteiger dierft et och an der Réckronn ganz schwéier kréien a kéint um Enn vun der Saison duerchaus op enger direkter Ofstigsplaz stoen.
D'Escher Fola huet, wéi schonns déi lescht zwou Saisonen, eng richteg schlecht Hironn gespillt. Aus de leschte Joren hu mir awer geléiert, datt een d'Ekipp vum Gaalgebierg ni ofschreiwen duerf. Donieft huet ee sech mam Marwane Benamra ee geféierlechen Offensivspiller geséchert, deen der Ekipp hëllefe sollt, de Maintien ze sécheren. D'Fola hofft wuel, direkt dranzebleiwen, ma och dëst Joer kéint et nees e Barragematch fir d'Fola ginn.
Op der leschter Tabelleplaz steet den FC Monnerech. No 15 Spilldeeg huet een nëmme 4 Punkten um Konto. Déi éischt Victoire gouf et eréischt um leschte Spilldag vun der Hironn. Wann déi Monnerecher och déi nächst Saison nach an der BGL Ligue wëlle spillen, da muss sech bei hinne ganz vill änneren.