Onrou a Rekrutéierungsverbuet beim Swift Hesper

D'Wanterpaus an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball geet de Weekend op en Enn a schonn ass nees vun Onrou um Holleschbierg ze héieren.
Et war gewosst, datt Hesper säi Kader wéilt reduzéieren. 7 Spiller si fort. Bei verschiddene Spiller vun deene 26, déi nach iwwreg bliwwe sinn, soll et awer och eng gewëssen Onzefriddenheet ginn, schreift mental.lu.
De Swift däerf awer wärend dräi Transfertperioden net rekrutéieren, ass um Site vun der FIFA ze liesen. Dëst gëllt fir Clibb, déi géint Virschrëfte verstouss hunn, respektiv bei deenen et Sträit aus finanziellen Ursaache gouf.
Hesper spillt e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer géint d‘US Hueschtert. De Swift steet no 15 Spilldeeg just op der 4. Plaz an der Tabell, 10 Punkten hannert dem Leader a Champion FC Déifferdeng 03.