D'Jeunesse klappt de Progrès a Wolz iwwerrascht géint de Racing
E Sonndeg war d'Reprise am Futtball-Championnat.
De Leader Déifferdeng ass mat enger héichverdéngter Victoire an d'Réckronn gestart. E Sonndeg de Mëtteg huet een der Fola beim 4:0 keng Chance gelooss. De Mann vum Match war den Trani, dee mat zwee Goler an enger Virlag glänze konnt. Och den Tabellenzweeten hat beim 3:0 zu Rouspert keng Probleemer.
Hesper huet sech mat 3:0 géint Hueschtert behaapt. Et huet eng ronn 30 Minutte gebraucht, bis dass eng vu béiden Ekippe sech eng kloer Golchance konnt erausspillen. De Swift huet seng och direkt äiskal genotzt an huet nach virun der Paus zwee Goler markéiert. Dat duerch de Stolz (34') an den Ekofo (40'). Kuerz nom Säitewiessel huet de Stolz (55') säin Doublé perfekt gemaach an den Deckel op dës Partie gesat.
D'Ekipp vum Swift gouf e Sonndeg net méi vum Trainer Emmanuel Da Costa gecoached. Hien ass vu sengem Posten zeréckgetrueden. Vum Hesper-President Fernand Laroche huet et an der Paus geheescht, et géing een nach op de Recommandé mat der Demissioun waarden.
De Progrès Nidderkuer viséiert an der Réckronn déi europäesch Plazen. E Sonndeg sinn awer keng Punkte bäikomm. Bei der Escher Jeunesse huet ee sech misse mat 1:3 geschloe ginn. Et war ee Match mat ganz wéineg Golchancen. Et ass ganz vill am Mëttelfeld gekämpft ginn an dat vun allen zwou Formatiounen. D'Lokalekipp war een Tick besser an huet virun allem ganz effikass hir Golchancë genotzt. Hanne stoung d'Jeunesse ganz stabil.
Wichteg 1:0-Victoire da fir Wolz géint de Racing. De Gol vum Dag konnt de Kapitän Chris Philipps an der 32. Minutt mat engem Kappball markéieren. Wolz hat d'Chancen, fir op 2:0 ze setzen, virun allem duerch een Eelefmeter, deen de Gorny net verwandele konnt. An de leschte Minutten ass de Racing nach eng Kéier erwächt, ma de Schon konnt senge Faarwen déi 3 Punkte festhalen.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Hesper - Hueschtert 3:0
1:0 Stolz (34'), 2:0 Ekofo (40'), 3:0 Stolz (55')
Jeunesse - Nidderkuer 3:1
1:0 Belgacem (8'), 2:0 Rodrigues (25'), 2:1 Schmid (74'), 3:1 Lapierre (89')
Rodange - Stroossen 2:2
0:1 Hadji (11'), 1:1 Atieda (19'), 1:2 Myre (88'), 2:2 Atieda (90')
Wolz - Racing 1:0
1:0 Philipps (32')
Monnerech - Péiteng 0:2
0:1 Fuss (45'), 0:2 Faulds (86')
Beetebuerg - Munneref 1:2
0:1 Hasanbegovic (19'), 1:1 Dos Santos Gomes (53'), 1:2 Fournier (84')
Rouspert - Diddeleng 0:3
0:1 Englaro (15'), 0:2 Englaro (90'), 0:3 Schaus (90+6')
Déifferdeng - Fola 4:0
1:0 Tranic (17'), 2:0 Tranic (58'), 3:0 El Idrissi (72'), 4:0 Buch (90+3')