Bayern wënnt zu Glasgow, Victoire fir de Leandro Barreiro zu Monaco

© AFP
E Mëttwoch den Owend war an der Champions League d'Suite vun den Allersmatcher an de Play-Offs fir d'1/8-Finallen.
Zu Glasgow konnt sech den FC Bayern mat 2:1 géint Celtic behaapten. Kuerz virun der Paus war et de Michael Olise, deen d'Münchener a Féierung bruecht hat. An der zweeter Hallschent huet et dann nom Gol vum Harry Kane sou ausgesinn, wéi wann un der Victoire fir d'Gäscht näischt méi ze réckele wier. Den 1:2 duerch den Daizen Maeda huet d'Partie dann nach ee Mol spannend gemaach, dat um Enn awer ouni Succès fir Celtic.
Fir Benfica gouf et dann eng 1:0-Victoire zu Monaco. An der 48. Minutt war dem Evangelos Pavlidis den um Enn decisive Gol gelongen. D'Monegasse konnten an Ënnerzuel keng Reaktioun weisen. De Leandro Barreiro war an der 67. Minutt op den Terrain komm.
Zu Rotterdam konnt sech Feyenoord mat 1:0 géint den AC Mailand duerchsetzen. Ee Gol an der 3. Minutt hat d'Lokalekipp fréi a Féierung bruecht an huet um Enn den Ënnerscheed gemaach.
Fir Club Bruges gouf et um fréien Owend dann nach eng 2:1-Victoire géint Atalanta Bergamo. An der Nospillzäit war et fir de Club aus der Belsch ee liicht ëmstriddenen Eelefmeter ginn, deen de Gustaf Nilsson eraschéisse konnt.
Weider Detailer zu de Matcher
Celtic Glasgow - FC Bayern 1:2
0:1 Olise (45'), 0:2 Kane (50'), 1:2 Maeda (79')
Am Celtic Park zu Glasgow war spéitstens nom Veräinslidd "You'll Never Walk Alone" alles ugeriicht fir een elektriséierenden Champions-League-Owend. Obwuel d'Rolleverdeelung tëscht béiden Ekippe vun Ufank u kloer war, louch de Ball schonn no e puer Sekonnen am Gol vun de Bayern. Beim Schoss vum Nicolas Kühn aus ronn 20 Meter stoung allerdéngs ee Schott genee an der Schossbunn knapp am Abseits, sou datt de Linneriichter de Fändel gehuewen huet. No der Opreegung war de Ball an deenen nächste Minutten ënnert der Kontroll vun de Gäscht aus München, dee sech awer schwéier gedoen huet Golchancen ze kreéieren.
Vill Héichpunkte sinn et trotz de Beméiunge vum Musiala, Olise, Kane a Co. net méi ginn, ma kuerz viru Schluss vun der éischter Hallschent ass de Bayern dann awer nach de Gol zur Féierung gelongen. Den Dayot Upamecano hat de Michael Olise mat engem laange Pass an d'Déift geschéckt, dee sech da staark am Zweekampf behaapten a mat engem placéierte Schoss op 1:0 stelle konnt.
No der Paus huet et dann net all ze laang gedauert, bis d'Bayern op 2:0 erhéije konnten. No engem Corner war den Harry Kane relativ fräi um zweete Potto zum Ofschloss komm an huet de Ball per Volley an de Gol gesat. Een Opreeger gouf et nëmmen e puer Minutten drop, wéi den Engels no engem Zesummestouss mam Upamecano am Strofraum zum Fale komm ass. Nom Asaz vum Videoarbitter war awer kloer, dass trotz dem Kierperkontakt als éischt de Ball gespillt gi war an et domadder keen Eelefmeter fir Celtic gouf.
Et bleift der Ekipp vu Glasgow héich unzerechnen, dass si trotz Réckstand net opginn hunn a weider aktiv waren. A genee dat gouf gutt zéng Minutte viru Schluss dann och belount. Mam Gol vum Daizen Maeda war et op eemol nees spannend am Celtic Park an d'Bayern hu sech net méi sou souverän wéi virdru gewisen. No siwe Minutten Nospillzäit war de Match dann eriwwer a sou geet et fir Celtic mat op mannst e bësse Confiance déi nächst Woch an de Retourmatch zu München.
Feyenoord - AC Mailand 1:0
1:0 Paixao (3')
Monaco - Benfica 0:1
0:1 Pavlidis (48')
Club Bruges - Atalanta 2:1
1:0 Jutgla (15'), 1:1 Pasalic (41'), 2:1 Nilsson (90+4')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.