Real Madrid eliminéiert Manchester City, och PSG, Dortmund a PSV weider

© JAVIER SORIANO / AFP
E Mëttwoch den Owend goufen an der Champions League déi lescht Plaze fir d'1/8-Finalle verdeelt.
Am éischte Match vum Owend konnt sech Dortmund mat engem 0:0-Remis géint Sporting Lissabon säin Ticket sécheren. Nom 3:0-Succès aus dem Allersmatch war ee Weiderkommen an engem onspektakuläre Retourmatch zu kengem Zäitpunkt a Gefor.
Dann huet sech och Real Madrid mat enger souveräner 3:1-Victoire géint Manchester City eng Plaz ënnert deene leschte 16 geséchert. Dräi Goler vum Kylian Mbappé hunn zu Madrid den Ënnerscheed géint schwaach englesch Gäscht gemaach.
Am franséischen Duell huet de PSG Stade Brest mat 7:0 deklasséiert an domadder déi héchsten Champions-League-Victoire an der Veräinsgeschicht gefeiert. Vun Ufank un huet d'Ekipp vu Paräis am Parc des Princes den Toun uginn an dem Géigner keng Chance gelooss.
Da konnt de PSV de Réckstand aus dem Allersmatch gutt maachen a sech no der Verlängerung mat 3:1 géint Juventus behaapten. Dem Ryan Flamingo war den decisive Gol an der 98. Minutt gelongen, deen der Ekipp vun Eindhoven de leschten 1/8-Finall-Ticket geséchert huet.
Weider Detailer zu de Matcher
Real Madrid - Manchester City 3:1
1:0 Mbappé (4'), 2:0 Mbappé (33'), 3:0 Mbappé (61'), 3:1 Nico (90+2')
De Match huet genee sou spektakulär ugefaange wéi een et sech als Spectateur tëscht béiden Ekippen erwaart huet. Nom 3:2 aus dem Allersmatch huet et nëmmen dräi Minutte gedauert, bis den éischte Gol zu Madrid gefall ass. No engem laange Ball no vir huet de Kylian Mbappé mat engem geschéckte Lopp de Golkipp iwwerspillt an domadder op 1:0 fir Real gestallt. Och an deenen nächste Minutten haten d'Haushäre méi vum Match. D'Ekipp vu ManCity hat hanne vill ze dinn an huet offensiv dowéinst och quasi net existéiert. D'Dominanz vun de Kinneklechen huet net ofgeholl a mam 2:0 no 34 Minutte konnt ee scho vun enger klenger Virentscheedung schwätzen. De Rodrygo hat hei d'Viraarbecht geleescht an de Ball op de Kylian Mbappé gespillt, dee sech mat engem staarke Mouvement Plaz gemaach a säin zweete Gol vum Dag geschoss huet.
Nom Säitewiessel huet Real dann ee Gang zréckgeschalt a ManCity e Stéck méi an de Match komme gelooss. Ma och mat e bësse méi Plaz konnten d'Gäscht net wierklech Gefor opkomme loossen. Spéitstens mam drëtte Gol vum Kylian Mbappé war dann den Deckel drop. An der 61. Minutt ass de Fransous ouni grouss Géigewier zum Schoss komm a konnt mat engem placéierte Schoss op de verdéngten 3:0 stellen. D'Schlussminutte sinn ëmmer weider erofgelaf an um Enn ka sech Real Madrid trotz engem spéide Géigegol mat enger souveräner Virstellung de verdéngten Ticket fir d'1/8-Finalle sécheren.
Dortmund - Sporting 0:0
De BVB ass mat engem komfortabelen 3:0-Succès vu Lissabon am Réck an de Retourmatch virun den eegene Spectateure gaangen. Duerch déi jéngste Resultater aus der Bundesliga war awer och kloer, datt aktuell net alles ronn leeft zu Dortmund. No enger ausgeglachener Ufanksphas konnt sech d'Lokalekipp déi eng oder aner Chance erausspillen, ouni dobäi awer richteg geféierlech ze ginn. Ouni Goler ass et also an d'Paus gaangen. Vu Sporting misst am zweeten Duerchgang däitlech méi kommen, fir nach eng Chance op ee Weiderkommen ze hunn. Änlech wéi an der éischter Hallschent ass wann dann awer zum gréissten Deel just eppes vun den Dortmunder komm, déi eng Rei Chancen op de Féierungsgol haten. Trotz engem Eelefmeter, deen de Guirassy net eraschéisse konnt, war d'Weiderkomme vun den Haushären zu kengem Zäitpunkt a Gefor. Um Enn geet en 0:0 Dortmund duer, fir sech fir d'1/8-Finallen ze qualifizéieren.
PSG - Brest 7:0
1:0 Barcola (20'), 2:0 Kvaratskhelia (39'), 3:0 Vitinha (59'), 4:0 Doué (64'), 5:0 Nuno Mendes (69'), 6:0 Goncalo Ramos (76'), 7:0 Mayulu (86')
Am franséischen Duell huet PSG vun Ufank d'Rudder u sech gerappt an de Ball lafe gelooss. Mam 3:0 aus dem Allersmatch ware si net gefuerdert, direkt de Wee no vir ze sichen. An trotzdeem sinn d'Paräisser no 20 Minutten a Féierung gaangen. De Bradley Barcola konnt sech hei op der Säit duerchsetzen a mat engem Schoss an de kuerzen Eck op 1:0 stellen. Brest hat immens Schwieregkeeten, iwwerhaapt un de Ball ze kommen. Mam 2:0 virun der Paus duerch de Khvicha Kvaratskhelia war d'Duell da scho sou gutt wéi entscheet. An der zweeter Hallschent huet een da gemierkt, dass Brest net méi wierklech vill Hoffnung hat, sou datt de PSG e liicht Spill hat. D'Goler vum Vitinha, Doué an Nuno Mendes hunn d'Féierung ëmmer méi kloer gemaach, sou dtt de Match no 90 Minutte mat enger 5:0-Victoire fir d'Paräisser op en Enn gaangen ass.
PSV - Juventus 3:1 (n.V.)
1:0 Perisic (53'), 1:1 Weah (63'), 2:1 Saibari (74'), 3:1 Flamingo (98')
Zu Eindhoven war fir de Retourmatch nom knappen 2:1-Succès vu Juventus am Allersmatch nach alles oppen. An deenen éischte Minutte gouf et liicht Virdeeler fir de PSV, deen am Verlaf dann awer och Juventus ëmmer méi an de Match komme gelooss huet. Eng intensiv éischt Hallschent ass no 45 Minutten ouni Goler op en Enn gaangen. Kuerz no der Paus gouf et dann allerdéngs d'Féierung fir de PSV. De Perisic huet mat engem stramme Schoss fir den 1:0 gesuergt an de Spillstand am grousse Ganzen domadder nees ausgeglach. All ze laang sollt dat awer net unhalen, nëmme ronn 10 Minutten drop konnt den Timothy Weah mat engem Sonndesschoss op 1:1 stellen. D'Ekipp vun Eindhoven war fir d'Schlussphas also ënner Drock a krut et dann och tatsächlech nach hin de Match an d'Verlängerung ze bréngen. Hei huet de Gol vum Ryan Flamingo an der 98. Minutt den Ënnerscheed gemaach, mat deem et PSV an d'1/8-Finalle gepackt huet.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.