Nom Optakt-Match an der Nations League géint Kasachstan kréien d'rout Léiwinnen et en Dënschdeg mat der Ekipp vu Liechtenstein ze dinn.

De leschte Freideg hat d'Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp fir den Optakt vun der Nations League 2:2 géint Kasachstan gespillt. En Dënschdeg den Owend kréien d'Rout Léiwinne Besuch vun der Ekipp vu Liechtenstein. Zil vun dëser Campagne ass et, fir et an d'League B ze packen. An dowéinst si fir en Dënschdeg 3 Punkten ageplangt.

Dat schéngt realistesch géint eng Ekipp, déi viru manner wéi véier Joer hiren éischten offizielle Match gespillt huet. Deemools war Lëtzebuerg an engem Frëndschaftsmatch den éischte Géigner. Liechtenstein hat den éischte Gol an der Partie markéiert. Genee wéi de leschte Freideg hat d'Ekipp vum Trainer Dan Santos déi éischt 45 Minutte verschlof an ass engem Réckstand hannendru gelaf. Am Stade Emile Mayrisch um Escher Gaalgebierg wëll een et en Dënschdeg besser maachen.

An der zweeter Hallschent haten d'Rout Léiwinnen de Match gedréint a konnten um Enn mat 2:1 gewannen. E gutt Ome fir en Dënschdeg. Dat ëmsou méi, well Liechtenstein d'lescht Woch den éischte Match mat 1:6 géint Armenien verluer huet.

Aus deene Grënn ass d'Victoire géint déi éischter international nach net esou erfueren Ekipp aus dem Fürstentum fest ageplangt, den FLF-Damme-Nationaltrainer Dan Santos.

"Jo, um Pabeier mussen dräi Punkten hier, mee et ass ëmmer e Match, déi ganz geféierlech ass, do muss een oppassen, esou Géigner si wierklech, hei den Terrain wäerte mer Schwieregkeeten hunn, si wäerte midd sinn, mir wäerte midd sinn [...]. Jo, mir wëllen dräi Punkten hunn, wa mer wëlle mat uewe matspille bis de leschte Match, mee einfach ginn se net."

En Dënschdeg den Owend si mir live bei der Partie Lëtzebuerg géint Liechtenstein dobäi. Vun 19.30 Auer u kënnt Dir de Match op RTL ZWEE an op RTL.lu am Stream kucken.