Victoire fir d'Patrizia van der Weken iwwer 60m, Charel Grethen gëtt Drëtten
No enger klenger Paus war d'Lëtzebuerger Liichtathletin e Freideg den Owend bei engem internationalen Indoor-Meeting a Spuenien um Depart.
D'Patrizia van der Weken ass beim Meeting vun der World Indoor Tour Gold zu Madrid op déi 1. Plaz iwwer 60 Meter komm. Fir si ass d'Auer no 7,09 Sekonne stoe bliwwen.
An den Halleffinallen ass d'Patrizia van der Weken e Chrono vu 7,15 Sekonne gelaf. Hire Lëtzebuerger Rekord aus der aktueller Wantersaison läit bei 7,07 Sekonnen.
Mam Charel Grethen war e Freideg den Owend nach e weidere Lëtzebuerger um Depart. Hien ass iwwer 1500 Meter e Chrono vun 3:39:32 Minutte gelaf an Drëtte ginn. Den Ethiopier Melese Nberet huet sech an enger Zäit vun 3:38:22 Minutten d'Victoire geséchert.
D'nächst Woch ass d'Patrizia van der Weken (60 Meter) zesumme mam Vera Bertemes-Hoffmann (1500 Meter) bei der Indoor-EM an Holland um Depart.