Lëtzebuerger Athletin
D'Jeanne Lehair wënnt Bronze op de franséische Meeschterschaften am Cross

© HERVIO Jean-Marie / KMSP / KMSP via AFP
D'Jeanne Lehair huet de Weekend bei de franséische Meeschterschaften am Cross eng Bronzemedail gewonnen.
Wéinst hirer Lëtzebuergesch-franséischer Duebelnationalitéit konnt d'Athletin och beim franséische Championnat untrieden. Op der laanger Streck am Cross ass d'Athletin, där hir Haaptdisziplin jo den Triathlon ass, als véiert iwwert d'Arrivée gelaf. Ma well déi drëttplacéiert Katie Schide d'amerikanesch Nationalitéit huet, ass si net fir de Ranking vum franséische Championnat matgelaf, sou dass d'Jeanne Lehair sech um Enn iwwer eng drëtt Plaz konnt freeën.
Am meeschte gelies