Am Schi-Laanglaf an am Schi Alpin gouf et schonns déi éischt Finalle bei de Wanterspiller vun de Special Olympics.

D‘Athleten hu sech selwer iwwerbueden a ware méi wéi houfreg a frou mat hire Resultater op de Wanterspiller vun de Special Olympics zu Turin.

Resultater vum Laanglaf

An der Kategorie Damme 06 ass d'Tammy Zolver op déi 7. Plaz komm
An der Kategorie Damme 07 ass d'Nora Urbing op déi 6. Plaz komm
An der Kategorie Häre 07 ass de Sven Didier op déi 4. Plaz komm

Resultater vum Schi Alpin

An der Kategorie Dammen Avance F05 ass d'Danielle Janckovoy op déi 4. Plaz komm
An der Kategorie Hären Intermediaire M 08 ass de Marten Ottens op déi 2. Plaz komm
An der Kategorie Hären Intermediaire M 12 ass den Yves Logelin op déi 4. Plaz komm
An der Kategorie Dammen Novizen F09 ass d'Caroline Schambourg op déi 1. Plaz komm