DëschtennisHueschtert-Foulscht an Houwald stinn an der Finall

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg stoungen am nationalen Dëschtennis-Championnat béid Retourmatcher vun den 1/2-Finallen um Programm.
© Emile Mentz (Archiv)

An den 1/2-Finalle vum Dëschtennis-Championnat hu sech d'Favoritten Hueschtert-Foulscht an den Houwald jeeweils an de Retourmatcher behaapt.

Hueschtert-Folscht war no der däitlecher 6:2-Victoire am Allersmatch mat enger gudder Ausgangslag an de Retourmatch e Sonndeg géint Lëntgen gaangen. E Gläichspill wier hinnen duergaangen, ma si hunn op en Neits en Zeeche gesat an hire Géigner mat 5:0 geklappt.

Och an där anerer 1/2-Finall hat den DT Houwald nom 6:2 aus dem Allersmatch eng gutt Ausgangslag. Am Retourmatch géint Recken gouf et dann eng weider 5:3-Victoire, wouduerch d'Plaz an der Finall geséchert gouf.

Back to Top
CIM LOGO