Dëschtennis-WM"Op d'WM goen, ass en Dram, deen an Erfëllung geet"

Bern Thill
D'Dammen- an d'Härennationalekippen huelen un den Dëschtennisweltmeeschterschaften zu London deel, déi en Dënschdeg wäerten ufänken. E Bléck op déi lescht Preparatiounen.
© AFP (Archiv)

Viru Kuerzem stoungen d’Sarah de Nutte, d’Melisa an d’Enisa Sadikovic zesummen um Podium vun den nationalen Dëschtennismeeschterschaften. Virdrun hat d’Enisa géint seng Schwëster Melisa an der Halleffinall gewonnen an duerno huet dat jéngst vun de Schwëstere géint d’Sarah de Nutte an der Finale verluer.

Lescht Preparatioune fir d'Dëschtennis-WM zu London
D'Dammen- an d'Härennationalekippen huelen un den Dëschtennisweltmeeschterschaften zu London deel.

Net als Géignerinnen, mee als staarkt Team haten déi 3 op der Europameeschterschaft virun engem hallwe Joer d’Konschtstéck fäerdeg bruecht, fir sech ouni d’Ni Xia Lian fir d’Weltmeeschterschaft ze qualifizéieren.

D’Ni Xia Lian fiert mat deenen 3 op d’Weltmeeschterschaft, déi den 28. Abrëll ufänkt. E komplizéierte Broch vum Handgelenk hat déi 62 Joer al Topspillerin zu enger Paus vun engem Joer gezwongen. D’Motivatioun ass awer net verluer gaangen.

Wie sinn d'Géigner?

D’Ekippeweltmeeschterschaft zu London wäert bis den 10. Mee daueren. Am Grupp 10 treffen d'Dammen op Portugal, Barbados a Guatemala. D'Ekipp aus Mëttelamerika wäert en Dënschdeg um 17:00 Auer den éischte Géigner si vun de Lëtzebuerger Dammen.

D'Häre wäerten am Grupp 8 géint Kroatien, Serbien a Qatar spillen. Hir éischt Partie ass fir en Dënschdeg um 12:30 Auer géint Kroatien virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO