117 Tireure si beim nationale Championnat am Bouschéissen ugetrueden
E Sonndeg huet et zu Stroossen am Centre National de Tir geheescht "Alles an d'Gielt".
An der Indoorlandesmeeschterschaft an dem Interclub op 18 Meter sinn Decisioune gefall. 117 Tireuren hunn e Sonndegmoien an de Qualifikatioune fir d’Landesmeeschterschaft an engems och fir déi lescht Decision am Interclub vun dëser Saison geschoss. An der Nationaldivisioun huet an de Kategorie vum Recurve a vum Compound all Kéiers Guillaume Tell 1 vu Stroossen gewonnen. An der Kategorie Barebow ass Mousel Archers 1 vu Waasserbëlleg op der Plaz 1.
Iwwerdeems huet och d’Mariya Klein hiren eegenen nationale Rekord vu 591 op 594 gehuewen. Bei der Landesmeeschterschaft huet bei de Recurve-Hären de Jeff Henckels et op déi éischt Plaz gepackt. Hien huet an der Finall mat engem One Shot géint den Noah Pop gewonnen. Uewen um Podium bei de Recurve-Dammen ass d’Giulia Starko. De Gilles Seywert huet d’Goldmedail bei de Compound-Häre kritt. An der Kategorie vun de Compound-Dammen ass d’Mariya Klein d’Nummer 1.
An der Kategorie Barebow-Hären huet den Eetu Wilhelmi am beschten ofgeschnidden a bei de Barebow-Dammen d’Carine Thill.