Am Futtball gouf et déi nächst gutt Resultater vu Lëtzebuerger Nowuess-Nationalekippen.

Nom Remis géint Holland wënnt d'FLF-Formatioun an der Elite-Ronn vun der EM-Qualifikatioun 2:1 géint Kroatien. D‘Lëtzebuerger waren 0:1 hannen an hunn dono nach de Match duerch Goler vun Andrade Brites an Duarte gedréit.

An der Tabell kënnt Lëtzebuerg um Enn op déi drëtte Plaz mat 4 Punkten. Holland gëtt mat 7 Punkten Tabellenéischten.

Nieft der gudder Leeschtung vun der U19 géint Kroatien konnt och d'U21 iwwerzeegen. D'Lëtzebuerger U21-Nationalekipp huet e Frëndschaftsmatch géint Albanien gewonnen. 
 
En Dënschdeg den Owend huet d'U21-Futtball-Nationalekipp zu Housen an engem Frëndschaftsmatch géint Albanien mat 1:0 gewonnen. Et war den agewiesselten Jayson Videira vun Hannover 96, deen an der 57. Minutt den eenzege Gol vun der Partie konnt markéieren.