Fir d'Saison 2025/2026
De Christophe Ney gëtt neien Trainer vun den T71-Hären

Aus dem Basket ass et d‘Nouvelle, datt den T71 Diddeleng, déi nächst Saison een neien Trainer fir d‘Härenekipp kritt.
De fréiere Coach aus der Fiels, de Christophe Ney, iwwerhëlt d‘Successioun vum Yves Defraigne.
De 47 Joer ale Lëtzebuerger Trainer war bis virun 2 Joer an der Fiels aktiv, an der Saison 2022/23 gouf hien als Trainer vum Joer ausgezeechent. Hien iwwerhëlt de Poste vum Yves Defraigne, de Belsch war 3 Joer laang Head-Coach bei den Hären vum Veräin an probéiert aktuell, de Championstitel op Diddeleng ze kréien.
Den T71 spillt an der Halleffinall vum Championnat géint de Champion Amicale Steesel, nodeems sech d'Ekipp an der Véierelsfinall géint den AB Conter duerchsetze konnt.
Am meeschte gelies