Wichteg Victoire fir d'Musel Pikes géint Hiefenech, Munneref dierf weider hoffen

Um Samschdeg war am Ofstigsgrupp vun den Hären d'Suite vum zweete Spilldag.
Hei koum et zum richtungsweisenden Duell tëschent de Musel Pikes an der US Hiefenech. Bei der Lokalekipp vun der Musel huet mam Tristin Walley en neie Profispiller matgespillt. D'Pikes hu besser an de Match fonnt a louchen an der Paus mat 45:30 a Féierung. Hiefenech
hat e ganz schwaachen Dag erwëscht, nëmme knapp 30 Prozent vun de Schëss hunn de Wee an de Kuerf fonnt an d'Gäscht konnte sech net méi zeréck an d'Partie kämpfen. Um Enn wannen d'Musel Pikes kloer mat 79:59. Mat 18 Punkte war den Tom Welter den Topscorer
op Säite vun der Lokalekipp.
An der Tabell zéien d'Pikes mat Hiefenech gläich, an den nächste Woche kann een e spannende Kampf géint den Ofstig tëschent béiden Ekippen erwaarden.
Munneref klappt Mamer an däerf weider hoffen
Um Freideg hat sech Avanti Munneref mat 104:89 géint Mambra Mamer duerchgesat an domat ee virzäitegen Ofstig verhënnert. D'Ekipp huet allerdéngs als Tabelleleschte schonn e grousse Réckstand op déi dräi Konkurrenten.
D'Lokalekipp huet an der éischter Hallschecht bal alles getraff a louch no 20 Minutten 59:41 a Féierung. Mamer huet nom Säitewiessel probéiert sech zeréck an d'Partie ze kämpfen, Munneref huet de Géigner awer net méi erukomme gelooss. Iwwerragende Spiller war de Khalil Small mat 38 Punkten, jeeweils 21 Punkten goungen op de Kont vum Lennart Holsten an dem John Ross.