Hesper wënnt mat 2:0 zu Rodange

© RTL
203 Leit haten e Freideg hire Wee op Rodange fonnt, fir hir Ekippen ze ënnerstëtzen. Um Enn huet Hesper seng Chancë kloer besser genotzt.
Fir den Optakt vum 22. Spilldag am nationale Futtball-Championnat ass Hesper e Freideg den Owend mat 2:0 op Rodange wanne gaangen.
Och wa Rodange ëmmer nees Chancen hat, virun allem an der 2. Hallschent vum Match, konnt ee kee Kapital dorausser schloen. Hesper dogéint huet déi puer Méiglechkeeten, déi een hat, méi effektiv genotzt a konnt um Enn d'Partie fir sech decidéieren.
Hesper steet mat der Victoire vum Freideg den Owend elo an der provisorescher Tabell op der 4. Plaz an huet domadder de Racing iwwerholl. Rodange bleift op der 14. Plaz.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.