De Michel Knepper ass neie President
Um Samschdeg war de leschten uerdentleche Kongress vum COSL ënnert der Presidentschaft vum André Hoffmann.
13 Joer stoung de fréiere Volleyball-Spiller un der Spëtzt vum Daachverband vum privat organiséierte Sport. Seng Successioun iwwerhëlt de Michel Knepper. Hie war bis elo Vizepresident.
A senger Ried huet den André Hoffmann haaptsächlech op d‘Joer 2024 zeréck gekuckt. D‘Olympesch Spiller zu Paräis wieren déi bescht gewiescht, déi jee organiséiert goufen. Déi Lëtzebuerger Delegatioun hätt awer vill Pech gehat. D‘Patrizia van der Weken wier mat der Halleffinall iwwer 100 Meter de Liichtbléck gewiescht. Hien huet awer och un d‘Bronzemedail am Bommstoussen vum Tom Habscheid am Para-Sport erënnert. Wärend dem André Hoffmann senger Presidence ass ënnert anerem de LIHPS a SportFabrik an d‘Liewe geruff ginn. Hien ass frou, datt déi professionell Ekipp vum COSL zanter 2012 gewuess ass. Mam Romain Schneider, dem Dan Kersch, dem Georges Engel an elo dem Georges Mischo, huet den André Hoffmann mat 4 Sport-Ministeren „zesummegeschafft“.
Wéi an de leschte Joren huet och de Sport-Minister eng Ried um COSL-Kongress gehalen. De Georges Mischo huet un déi gutt Resultater aus de leschte Méint erënnert. Hien ass frou, datt d'Zesummenaarbecht tëscht dem COSL an dem Sport-Ministère gutt ass an datt de Sport déi Unerkennung esou lues awer sécher zu Lëtzebuerg kritt, déi e verdéngt. Hie well an Zukunft weider un enger “Zeitenwende“ am Sport schaffen. De Sport muss déi finanziell Mëttele vun der Regierung kréien, datt ee weider vun enger Goldmedail op enger WM kann dreemen. De Sport-Minister huet och nach gesot, datt ëmmer méi Gemengen op de Wee ginn, fir ee Sport-Coordinateur ze engagéieren. Par contre dinn d‘Veräiner sech nach ëmmer schwéier, fir vum Subside „Qualité Plus“ ze profitéieren. Vun 1.300 Veräiner, déi et am Land ginn, hunn der 900 keng Demande gemaach, fir finanziell ënnerstëtzt ze ginn, wa se ënner anerem brevetéiert Traineren astellen. D'Professionaliséierung an de Benevolat sollen an Zukunft Hand an Hand goen, huet de Sport-Minister nach ënnerstrach. Zum Schluss huet de Georges Mischo nach gesot, datt déi nei Maison des Sports op d'Cloche d‘Or kënnt. De Staat huet do ee Gebai gelount vu 5.000 m².
Déi eenzel Rapporten goufen alleguerten vun der Assemblée ugeholl an de Conseil krut och Décharge vun de Federatiounen.
Den neie President Michel Knepper huet no vir gekuckt a seng Visiounen un der Spëtzt vum COSL virgestallt. Fir hie soll de Sport déi ganz Gesellschaft stäerken, all Member vun der Gesellschaft soll reegelméisseg Sport maachen an hie wëll, datt méi Lëtzebuerger Sportler méi kompetitiv am internationale Verglach ginn. Hie wëll, datt d‘Veräiner an den COSL an Zukunft nach méi enk zesumme schaffen. Seng Dier wier ëmmer op fir Gespréicher. De Michel Knepper wier frou, datt an Zukunft Sport-Infrastrukturen méi séier a méi funktionell gebaut ginn. De Michel Knepper wëll, datt den COSL an Zukunft méi vum Sport-Ministère consultéiert an net nëmmen informéiert gëtt.
Nei an der Ekipp vum Michel Knepper sinn de Serge Schaul, d‘Anne Kremer, d‘Lynn Frank an d‘Jill Altmann.
Duerch eng Statutenännerung ass elo d‘Presidentin vun der Athlete-Kommissioun, d‘Christine Majerus, och Member vum Verwaltungsrot vum COSL.
Den André Hoffmann gëtt Éierepresident vum COSL.