Wantersport
Éisträichesch Hären gewanne Schisprangen zu Planica virun Däitschland

© AFP
Zum Ofschloss vun der Saison steet bei den Hären de Weekend d'Schisprangen zu Planica a Slowenien um Programm.
An der Team-Kompetitioun e Samschdeg de Moien konnten d'Hären aus Éisträich sech duerchsetzen. Däitschland huet et op déi 2. Plaz gepackt, d'Slowenen hunn de Podium komplettéiert.
E Freideg gouf et am Eenzel eng Victoire fir de Lokalmatador Domen Prevc, dee sech knapp viru sengem Landsmann Anze Lanisek behaapt hat. De Japaner Ryoyu Kobayashi ass op Plaz 3 gelant.
Am meeschte gelies