Leipzig trennt sech vum Trainer Marco Rose

© AFP/RONNY HARTMANN
RB Leipzig huet sech um Sonndeg de Moie vu sengem Trainer Marco Rose getrennt. Mam Zsolt Löw steet den Nofollger scho fest.
Um 27. Spilldag an der éischter däitscher Futtball-Bundesliga hat Leipzig e Samschdeg mat 0:1 zu Gladbach verluer. Fir den RB, dee lo just nach op der 6. Plaz an der Tabell steet, war et déi 6. Defaite an engem Auswäertsmatch hannerteneen.
Bei Gladbach stoung den 18 Joer ale Lëtzebuerger Nationalgolkipp Tiago Pereira déi 90 Minutten tëscht de Pottoen.
De Rose war zanter September 2022 zu Leipzig op der Trainerbänk. Mat him muss och säi ganzt Trainerteam goen, firwat et en externen Nofollger gëtt.
Am Nomëtteg huet de Veräin aus Ostdäitschland bekannt ginn, dass de Zsolt Löw d'Ekipp bis um Enn vun der Saison iwwerhuele wäert. De Löw ass zu Leipzig keen Onbekannten: Den Ungar war vun 2016 bis 2018 Co-Trainer vum Ralph Hasenhüttl bei RB an ass zënter Kuerzem Head of Soccer Development am RB-Kosmos.