Den däitschen Nationalspiller spillt zanter 17 Joer bei de Bayern.

Um Sonndeg ass et d’Nouvelle vu München, datt den Thomas Müller kee neie Kontrakt bei de Bayern kritt. De Kontrakt vum 35 Joer ale Müller leeft um Enn vun der Saison aus. Domat geet seng Profikarriär beim däitsche Rekordchampion no 17 Joer op en Enn. Den FCB wëll den offensiven Allrounder awer gär an enger anerer Funktioun am Veräin halen.