Wantersport
Domen Prevc stellt neie Rekord am Schifléien op

© AFP
Den ale Rekord hat de Stefan Kraft am Joer 2017 opgestallt. Deemools war den Éisträicher zu Vikersund 253,5 Meter gesprongen.
Beim Saisonsofschloss am Schifléien zu Planica stoung zwar den Anze Lanisek ganz uewen um Träppchen, mee de gréisste Fokus louch um Domen Prevc. Dem Sloween war um leschten Dag e Sprong op 254,5 Meter gelongen, wat awer net duergoung, fir op déi éischt Plaz ze kommen. Säi Landsmann Lanisek hat um Enn 7 Punkte Virsprong. De Podium gouf vum Däitschen Andreas Wellinger komplettéiert. De Gesamtweltcup geet un den Daniel Tschofenig aus Éisträich, viru sengen zwee Landsleit Jan Hörl a Stefan Kraft.
De Sprong zum Weltrekord vum Domen Prevc
Am meeschte gelies