Drëttligist Bielefeld kickt och Titelverdeedeger Leverkusen eraus

© Uwe Kraft / AFP
En Dënschdeg den Owend stoung am däitschen DFB-Pokal déi éischt Halleffinall um Programm.
Bielefeld aus der drëtter Liga hat et iwwerraschend an d‘Ronn vun de leschte véier gepackt an um Wee dohinner mat Union Berlin, Freiburg a Bremen dräi Bundesligisten eliminéiert.
En Dënschdeg goung et géint den Titelverdeedeger Bayer Leverkusen. Schonn no 17 Minutten ass den amtéierenden däitsche Champion duerch den Tah a Féierung gaangen, ma nëmme kuerz drop huet Bielefeld duerch de Wörl ausgeglach. Kuerz virum Enn vun der éischter Hallschent konnt den Drëttligist duerch de Großer esouguer a Féierung goen.
An der zweeter Hallschent ass den Titelverdeedeger also engem Réckstand hannendru gelaf an obwuel d‘Jonge vum Trainer Xabi Alonso eng Partie gutt Chancen haten, ass hinne kee Gol méi gelongen. Deemno steet Bielefeld aus der drëtter Liga iwwerraschend an der Finall an den Dram vum éischten Titel lieft weider.
E Mëttwoch gëtt d‘Arminia da gewuer, wien de Géigner an der Finall gëtt. An der zweeter Halleffinall sti sech e Mëttwoch den Owend Stuttgart a Leipzig géigeniwwer.