Bartreng éischte Finalist, Diddeleng erzwéngt en drëtte Match

Um Mëttwoch war d'Suite un den Halleffinallen an der Enovos League bei den Dammen.
Am zweete Match vun der Best-of-3 Serie huet sech d'Sparta Bartreng fir d'Finall qualifizéiert, den T71 Diddeleng huet en drëtten entscheedende Match erkämpft. Diddeleng ass doheem mat Euphorie an de Match gestart a louch no ronn 7 Minutte 24:4 a Féierung. Bei de Gäscht huet et gedauert, bis een de Rhythmus fonnt huet, am zweete Véierel huet de Gréngewald de Réckstand bis d'Paus verklengert, Diddeleng ass mat enger 44:30-Féierung an déi zweet Hallschecht gaangen. Nom Säitewiessel huet d'Lokalekipp weider kollektiv staarke Basket gespillt an et dem Géigner net erlaabt, méi no erunzekommen, soudass um Enn eng 79:65-Victoire fir Diddeleng op der Auer stoung.
Beim T71 hu fënnef Spillerinnen zweestelleg gescort, d'Lauren VanKleunen koum op 19 Punkten.
Fir den aktuelle Champion a Coupe-Gewënner Hueschtert war et déi éischt Néierlag an der Saison 2024/25. D'Ekipp vum Trainer Francois Manti huet am entscheedenden drëtte Match e Samschdeg Heemvirdeel.
Bartreng steet an der Finall
Zu Conter hunn d'Zuschauer en enke Match gesinn. D'Reussite war op béide Säiten an der éischter Hallschecht net héich an et stoung 28:26 fir d'Loakelkipp an der Paus. Och nom Säitewiessel ass et enk bliwwen, d'Gäscht konnte sech allerdéngs lues a lues e klenge Polster erspillen. Conter huet alles probéiert, fir d'Partie an der Schlussphas ze dréinen, d'Gäscht konnten allerdéngs no spannende leschte Sekonnen jubelen. Aus engem gudde Kollektiv huet d'Lena Mersch mat 16 Punkten erausgestach.
Um Enn wënnt d'Sparta 65:59 a steet duerch eng 2:0-Victoire an der Serie an der Finall, d'Ekipp vu Bartreng ka sech elo a Rou ukucken wien de Géigner wäert sinn.
Miersch steigt op an d'Enovos League
Nodeems fest steet, dass d'Musel Pikes aus der Enovos League erausfalen, ass um Mëttwoch d'Entscheedung gefall, wéi ee Veräin bei den Dammen opsteigt. De Black Star Miersch setzt sech 58:55 géint d'Etzella Ettelbréck duerch a wënnt domat d'Serie 2:0.Den éischte Match hat Miersch 79:76 fir sech entscheet.