Duerch e kloren 3:0-Succès géint Fenteng am drëtte Match geet et fir d'Häre vu Bartreng an der Finall géint Stroossen.

Am nationale Volleyball-Championnat stoungen e Samschdeg déi decisiv Matcher fir déi lescht Plaz an der Finall um Programm.

Hären

Bei den Hären huet sech de Volley Bartreng däitlech mat 3:0 géint d'Ekipp vu Fenteng duerchgesat an domadder den Ticket fir d'Finall geléist. Do geet et elo géint d'Noperen aus Stroossen, deenen et gelonge war, Luerenzweiler bannent zwee Matcher ze eliminéieren.

Dammen

Bei den Dammen huet sech de VC Mamer am drëtten an decisive Match mat 3:1 géint den Gym Volley duerchgesat an domadder den Ticket fir d'Finall geséchert. Do geet et elo géint den RSR Walfer, dee sech schonn no zwee Matcher géint Péiteng duerchsetze konnt.

Mamer qualifizéiert sech fir d'Finall
Am decisiven drëtte Match huet sech de VCM 3:1 géint d'Gym duerchgesat.