Déifferdeng kann de Schampes fir de Championstitel kal stellen. Si gewanne géint d'Jeunesse Esch, wärend Diddeleng mat Hueschtert d'Punkten deelt.

Den FC Rodange feiert eng wichteg 2:0-Victoire géint Monnerech a kann den haitege Géigner an der Tabell elo op 8 Punkten distanzéieren. Domat gëtt et fir Monnerech an d'Fola ëmmer méi schwéier, nach op eng Barragëplaz ze sprangen.

Nationale Futtball-Championnat / Resumé vum Serge Olmo

Fir Monnerech war et virum Match quasi déi lescht Chance, fir an der ieweschter Divisioun ze bleiwen. Mee déi éischt 45 Minutte war dovun net vill ze gesinn. Rodange hat méi vum Match an de Ball ass méi flësseg gelaf. Dohier goungen d'Gäscht och verdéngt a Féierung. Monnerech konnt frou sinn, dass den Atieda kuerz virun der Paus en Eelefmeter verschoss huet. Och am zweeten Duerchgang war Rodange déi méi aktiv Ekipp a konnt sech mam zweete Gol belounen. Och wa si nach weider gutt Chancen haten, sollt kee weidere Gol méi falen.

Den FC Déifferdeng 03 kann de Schampes no der 2:0-Victoire op der Escher Grenz sou gutt wéi kal stellen. Bei nach 7 ausbleiwende Matcher a 17 Punkte Virsprong wäert et fir Diddeleng an Hesper immens schwéier ginn, d'Ekipp vum Pedro Resende nach anzefänken. D'Gäscht gounge kuerz virun der Paus wuel glécklech a Féierung, nodeems si laang gebraucht haten, fir an de Match ze fannen. D'Jeunesse huet och am zweeten Duerchgang vill no vir gemaach, hat awer net dat néidegt Schossgléck. An der Nospillzäit konnt Déifferdeng de Sak zoumaachen.

Rouspert hat déi lescht fënnef Matcher gläichgespillt an huet nees no ënne musse kucken. Mat der Victoire beim SC Beetebuerg huet d'Ekipp vun der Sauer elo mol nees e rouege Polster op d'Barragëplazen.

E Samschdeg hat sech Nidderkuer 1:0 géint Stroossen duerchgesat an d'UNA domat an der Tabell iwwerholl.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

Jeunesse Esch - Déifferdeng 0:2

0:1 D'Anzico (45'+3), 0:2 Quintiliano Borges Da Silva (90'+4)

Hueschtert - Diddeleng 1:1

1:0 Avdusinovic (40'), 1:1 Stumpf (62')

Hesper - Wolz 3:1

1:0 Bouazzati (11'), 2:0 Stolz (14'), 3:0 Correia (45'+1), 3:1 Saidi (90'+3, Eelefmeter)

Monnerech - Rodange 0:2

0:1 Macorig (25'), 0:2 Correia Mendes (57')

Munneref - Fola Esch 2:0

1:0 Abdelkadous (60'), 2:0 Hasanbegovic (73')

Beetebuerg - Rouspert 1:2

1:0 Soumah (9'), 1:1 Carratala-Jimenez (23'), 1:2 Carratala-Jimenez (34')

Péiteng - Racing 1:0

1:0 Kamavuaka (47')

D'Tabell