Manchester City mécht aus 0:2 e 5:2

© AFP
Arsenal verspillt 3 sécher gegleeft Punkten. Inter Mailand kënnt der nächster italieenescher Meeschterschaft ëmmer méi no.
Bundesliga
An der Bundesliga stounge sech um 29. Spilldag ënner anerem Bayern München a Borussia Dortmund géintiwwer. An de Matcher virdru sinn an der Schlussphas vill decisiv Goler gefall. Union Berlin hëlt ee Punkt aus Leverkusen mat, den Danel Sinani schéisst den Ausgläich fir St. Pauli a Gladbach verléiert mam Tiago Pereira am Gol géint Freiburg.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Manchester City - Crystal Palace 5:2
0:1 Eze (8'), 0:2 Richards (21'), 1:2 De Bruyne (33'), 2:2 Marmoush (36'), 3:2 Kovacic (47'), 4:2 McAtee (56'), 5:2 O'Reilly (79')
Manchester City leet am Kampf ëm d'Champions-League-Plaze vir a steet provisoresch nees op Plaz 4. D'Skyblues konnten en 0:2-Réckstand an eng 5:2-Victoire dréien. Groussen Undeel dorun hat de Kevin De Bruyne.
An der éischter Hallschent goung et hin an hier. Nodeems d'Gäscht séier 2:0 vir louchen, huet Manchester d'Ophueljuegd duerch e Gol vum De Bruyne lancéiert. Wéi d'lescht Woch bekannt gouf, verléisst de Belsch d'Skyblues no dëser Saison no zéng Joer am Trikot vu Manchester. De Marmoush konnt nach virun der Paus egaliséieren. Et hätten awer och nach méi Goler op béide Säite fale kënnen. Nom Säitewiessel huet Manchester direkt nach eng Kéier zougeschloen a louch domat eng éischt Kéier vir. De McAtee hat de véierte Gol schonn an der 51. Minutt um Fouss, huet et e puer Minutte méi spéit awer besser gemaach an d'Féierung vu City ausgebaut. D'Ekipp vum Trainer Pep Guardiola ass och duerno weider ugerannt a gouf mam fënnefte Gol belount, woumat den Deckel och drop war.
Southampton - Aston Villa 0:3
0:1 Watkins (73'), 0:2 Malen (79'), 0:3 McGinn (90'+4)
Aston Villa decidéiert de Match géint den Tabelleleschten eréischt zimmlech spéit, mee behält all d'Méiglechkeeten, fir d'nächst Saison international ze spillen.
Nottingham - Everton 0:1
0:1 Doucouré (90'+4)
Nottingham verléiert den zweete Match hannerteneen a muss sech 9. Néierlag an der Premier League verkraaften. Nottingham bleift wuel Tabellendrëtten, huet awer just nach zwee Punkte Virsprong op Manchester City. E Sonndeg kann Chelsea laanschtzéien.
Arsenal - Brentford 1:1
1:0 Partey (61'), 1:1 Wissa (74')
Arsenal war déi kloer besser Ekipp, konnt awer net vu senge ville Chancë profitéieren. No engem 0:0 an der Paus konnt den Thomas Partey no engem wonnerbare Solo vum Declan Rice zum 1:0 erasetzen. Duerno huet sech Brentford och emol virum géigneresche Gol gewisen a konnt an der 74. Minutt ausgläichen. D'Gunners hate wuel nach eng Rëtsch Golchancen, mee et sollt kee weidere Ball am Filet landen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Inter Mailand - Cagliari 3:1
1:0 Arnautovic (13'), 2:0 Lautaro Martinez (26'), 2:1 Piccoli (48'), 3:1 Bisseck (55')
Inter Mailand ass no der Victoire an der Champions League géint Bayern München och an der Serie A um beschte Wee, fir e weideren Titel ze sammelen. Géint Cagliari waren d'Nerrazurri de ganze Match iwwer déi dominéierend Ekipp a louchen an der Paus verdéngt a Féierung. Den Uschloss kuerz no der Paus huet Inter just ganz kuerz un d'Wackele bruecht, well de jonken Däitsche Bisseck den ale Virsprong nees hiergestallt huet. Uschléissend huet d'Lokalekipp de Match geréiert an iwwer d'Zäit bruecht. An der Tabell huet Inter provisoresch 6 Punkte Virsprong op Neapel.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Monaco - Marseille 3:0
1:0 Minamino (34'), 2:0 Embolo (59'), 3:0 Zakaria (80', Eelefmeter)
Duerch dës kloer Victoire am Côte-d'Azur-Derby spréngt Monaco an der Tabell viru Marseille.
Toulouse - Lille 1:2
0:1 Fernandez-Pardo (21'), 1:1 Cresswell (42'), 1:2 Bakker (45'+4)
Lille, déi an der Champions League u Borussia Dortmund gescheitert waren, sinn um beschte Wee, fir och nees d'nächst Saison international ze spillen; mat der Chance, eng weider Kéier an der Champions League unzetrieden. Toulouse, dat am Moment am Mëttelfeld steet, awer just 7 Punkte Virsprong op d'Relegatiounsplaz huet, war e méi staarke Géigner wéi erwaart. Lille hat Krämpes, konnt sech schlussendlech awer duerchsetzen an huet weiderhin 2 Punkte Réckstand op Marseille.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1