E Mëttwoch stoungen déi lescht Matcher an de 1/4-Finallen an der Champions League um Programm, an deene 4 Ekippen ëm zwee 1/2-Finall-Tickete gespillt hunn.

Nodeems en Dënschdegowend den FC Barcelona an de PSG hir Tickete fir d'Halleffinalle vun der Champions League aléise konnten, war et e Mëttwochowend un den anere véier Ekippen, déi nach iwwreg bliwwe sinn, fir ëm dës Ticketen ze spillen.

Resumé Champions League / Reportage Guy Seyler

Fir d'Münchener Bayern war d'Missioun no der 2:1-Defaite am Allersmatch géint den Inter kloer. Si missten den Owend zwéngend gewannen, fir eng Ronn weiderzekommen an domadder verbonnen, fir nach vun der Champions-League-Finall am eegene Stadion dreemen ze kënnen. Dësen Dram ass allerdéngs schonn no de Véierelsfinallen ausgedreemt. D'Münchener Bayern trenne sech no 90 Minutte mat engem 2:2 géint Inter Mailand. Domadder konnte si de Retard aus dem Allersmatch net méi ophuelen, soudatt déi international Rees vun de Münchener elo fäerdeg ass.

An deen anere Match vum Owend sinn d'Madrilenen mat enger héijer Hypothéik gestart. Esou hate si am Allersmatch mat 0:3 géint Arsenal de Kierzere gezunn. An am Retourmatcher sollt et de Spuenier och net méi geléngen, fir dëse Retard opzehuelen, am Géigendeel: Duerch e spéide Gol an der Nospillzäit kënne sech d'Gunners och a Spuenien duerchsetzen, soudatt si mat 2:1 géint de Real gewannen an den Titelverdeedeger esou eliminéieren.

Weider Detailer zu de Matcher

Inter Mailand - FC Bayern München 2:2

0:1 Kane (52'), 1:1 Martinez (58'), 2:1 Pavard (61'), 2:2 Dier (76')

Déi bescht Zeenen aus dem Match tëscht Inter Mailand a Bayern München
Ass de Match an der éischter Hallschent villes schëlleg bliwwen, esou hunn d'Ekippen an der zweeter Hallschent opgedréint

Zu Mailand kruten d'Spectateuren eng éischt Hallschent ze gesinn, déi méi vun der Spannung ewéi vun der Qualitéit vum Match gelieft huet. Esou ware richteg gutt Golchancen an den éischte 45 Minutte rar geseet. Mä et waren awer d'Münchener Bayern, déi d'Ufanksphas dominéiert hunn. An den éischte Minutten hu si gedréckt a sech esou eng sëllege Golchancen erausgespillt. Allerdéngs konnte weder de Müller nach den Olise de Ball am Gol ënnerbréngen. Entweder hat de Sommer am Mailänner Gol eppes dogéint oder de Münchener Stiermer huet et un der néideger Prezisioun gefeelt. Kuerz drop hunn d'Spiller vum Inter awer besser an de Match fonnt a si konnten dunn och déi éischt gutt Occasioune verbuchen. An der 9. Minutt huet den Dimarco no engem séiere Konter vum Thuram den Urbing am Gol vun de Münchener op d'Prouf gestallt. Mä de Golkipp sollt an dësem Duell de Gewënner bleiwen. No dëser Chance hu béid Ekippe sech eng laang Zäit neutraliséiert, soudatt virun de Goler net all ze vill geschitt ass. Réischt an der 29. Minutt sollt et nees geféierlech ginn an dëst och nees virum Gol vum Urbig. Et war den Acerbi, deen eng Flank no Fräistouss vum Dimarco a Richtung Gol bruecht, mä dësen ëm Zentimeter verfeelt huet. An der 33. Minutt hate vill Mailänner Supportere schonn de Ball am Gol gesinn, mä den Çalhanoğlu hat mat sengem Distanzschoss aus gutt 20 Meter de Gol, wann och nëmme knapps, net getraff. D'Bayern si réischt an der 36. Minutt nees geféierlech virum Gol vum Sommer opgedaucht, mä de Müller konnt de Ball no enger schéiner Viraarbecht vum Kane net verwäerten. Eng Minutt drop huet et dem Kimmich bei sengem Schoss aus der zweeter Rei un der néideger Reussite gefeelt, soudatt et beim 0:0 bliwwen ass. Mat dësem Score sollt et dunn och op den Téi goen.

Nom Téi hunn d'Münchener, ewéi och schonn an der éischter Hallschent, d'Heft an d'Hand geholl an hu probéiert, dem Match hire Stempel opzedrécken. Dëst huet sech dës Kéier an der 52. Minutt och bezuelt gemaach: De Goretzka huet fir de Kane am Strofraum opgeluecht, deen do vill Plaz vum Dimarco gelooss krut an de Ball, ouni mat de Wimperen ze zécken, am Gol ënnerbruecht huet. Deemno stoung et 1:0 fir d'Bayern an et wier deen Ament an d'Verlängerung gaangen. An der 58. Minutt huet de Münchener awer nees e Gol fir an d'Verlängerung ze goe gefeelt. Dëst nodeems de Martinez den Ausgläich markéiere konnt. Den Argentinier huet dobäi vun engem Ofpraller am Strofraum no engem Corner profitéiert an de Ball, ouni Kompromësser, zum 1:1 am Filet versenkt. An nëmmen dräi Minutten drop huet de Pavard de Match du komplett gedréint. Den Ex-Bayern-Spiller konnt an der 61. Minutt e Corner per Kapp verwäerten an de Ball zum 2:1 fir seng Faarwen am Gol ënnerbréngen, soudatt de Bayern elo zwee Goler gefeelt hunn, fir an d'Verlängerung kënnen ze kommen. Dëse Géigegol hat de Münchener fir eng laang Zäit de Stecker gezunn a si hate Krämpes, fir nees an de Match ze fannen. Et huet bis an déi 75. Minutt gedauert, ier datt déi Däitsch nees geféierlech virum Gol opgedaucht sinn. Allerdéngs konnt den Olise de Sommer am Gol vum Inter net bezwéngen. Dëst ass dem Dier eng Minutt drop no engem Corner allerdéngs gelongen, soudatt et e bëssen aus dem Näischt 2:2 stoung an de Match nees lancéiert war. Doropshin hunn d'Münchener wuel nach eng Kéier alles no vir geheit an si hu sech och nach e puer gutt Chancen erausgespillt: Esou hat de Müller an der Nospillzäit nach eng Kéier d'Méiglechkeet, fir e Gol ze markéieren, allerdéngs huet et dem Däitschen un der néideger Kraaft gefeelt. Um Enn sollt awer kee Gol méi falen, soudatt et beim 2:2 bliwwen ass an d'Bayern domadder eliminéiert sinn.

D'Goler vum Match tëscht Inter Mailand a Bayern München
Sollt an der éischter Hallschent kee Gol falen, esou waren et an der zweeter Hallschent ganzer véier Goler

Real Madrid - FC Arsenal 1:2

0:1 Saka (65'), 1:1 Vinicius Junior (67'), 1:2 Gabriel Martinelli (90'+3)

De Resumé vum Match Real Madrid géint Arsenal
D'Hypothéik vu Madrid war héich, ma am Retourmatch hunn d'Gunners dës mat der 2:1-Victoire nach erhéicht

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.