Kordall Steelers sinn den zweeten Opsteiger, Schieren muss an de Barrage

Um Freideg ass an der Nationale 2 bei den Hären d'Entscheedung an der Course ëm den Opstig gefall.
D'Kordall Steelers wäerten an der Saison 2025/26 nees an der Enovos League spillen. D'Ekipp setzt sech um Freideg mat 93:74 géint de Gréngewald Hueschtert duerch a steigt domat op.
Scho viru Woche konnt sech de Racing Lëtzebuerg déi éischt Opstigsplaz sécheren. De Veräin huet och an der Woch matgedeelt, dass den Trainer Adam Radomirovic säi Vertrag beim Club verlängert huet. Um Freideg verléiert d'Ekipp aus der Haaptstad mat 87:93 géint Schieren. Als Tabellendrëtten trëfft Schieren am Barrage op d'Musel Pikes aus der Enovos League. An enger "Best-of-three" Serie gëtt ab nächster Woch ëm eng Plaz an der héchster Liga gestridden.
Am drëtte Match vum Playoff konnt sech de BC Mess auswäerts mat 93:60 géint Zolwer duerchsetzen.
Munneref a Mamer wannen zum Ofschloss

© Guy Seyler
Am Ofstigsgrupp vun der Enovos League goufen um Freideg de leschte Spilldag gespillt, hei waren all Entscheedunge scho gefall. Den Ofstiger Munneref setzt sech knapp mat 80:77 géint d'Musel Pikes duerch, d'Miseler wäerten am Barrage gefuerdert sinn, fir an der Enovos League ze bleiwen. Mamer wënnt auswäerts mat 98:89 géint den zweeten Ofsteiger Hiefenech. Bei der Lokalekipp huet de fréiere Nationalspiller Max Schmit säi leschte Match vun der Karriär gespillt.