Fir 7 Milliounen Dollar wiesselt den Trikot mat der Nummer 8 de Besëtzer

© CHARLY TRIBALLEAU / AFP
E Lakers-Trikot vum Basketballstar Kobe Bryant gouf zu New York am Auktiounshaus Sotheby's versteet.
Et handelt sech ëm en Trikot vun de Los Angeles Lakers aus Mëtt der 1990er Joren, mat der Nummer 8 drop.
De selwechten Trikot war 2012 schonn emol versteet ginn, deemools fir 115.242 Dollar. Elo goufen 7 Milliounen Dollar fir d'Erënnerungsstéck gebueden. Wien elo den neie Besëtzer ass, gouf net verroden.
Et ass awer net den héchste Montant, dee jee fir en NBA-Trikot erziilt gouf. En Trikot vum Michael Jordan aus den NBA-Finals vun 1998 hat 10,1 Milliounen Dollar abruecht.
De Kobe Bryant war 2020 am Alter vun 41 Joer bei engem Helikopter-Accident ëm d'Liewe komm. Och seng Duechter Gianna war mat an deem Helikopter an hat net iwwerlieft.