Esou geet Identifikatioun am Sport mat engem Veräin

© Marc Meyers
D'éischt Ekipp vum HC Bierchem ënnerstëtzt een Dag nom Gewënn vun der Coupe hir U-13 vun der Tribün aus.
E Samschdeg huet jo am Handball den HC Bierchem bei den Hären d'Coupe de Luxembourg gewonnen. Vu 16 Spiller um Spillbou an der Halleffinall an an der Finall kommen der zéng aus der eegener Jugend vun deene Réiserbänner. Siwen dovun hunn an der Finall géint Diddeleng och op d'mannst ee Gol geschoss. An der Halleffinall géint d'Red Boys stoungen déi lescht fënnef Minutte souguer véier U-19-Spiller vun deene Bierchemer um Terrain. E Sonndeg de Mëtteg dunn huet quasi déi ganz éischt Ekipp ronderëm de Kapitän Ben Weyer et sech net huelen gelooss, nees an der Coque ze sinn, fir hir U-13 an der Finall géint de Standard vun der Tribün aus, natierlech mat der Coupe, Trommelen an Trompetten ze ënnerstëtzen.
"Jo, ech denken, dat ass eventuell ee Wee vun der éischter Ekipp dann de Jugendekippe "Merci" ze soen, fir déi Ënnerstëtzung, déi mir ëmmer bei all de Matcher vun der Tribün aus kréien. A wann een den Dag och nach d’Coupe gewonnen huet, mécht et dann natierlech ëmsou méi Spaass. Bon, an et kann ee vläicht nach soen, dass de Gros vun eisen éischt Ekippspiller déi dote Jugendekippen och duerchlaf hunn. An deemools hu mer eis och gefreet, wann d'éischt Ekipp uewe souz an nogekuckt huet an eis ënnerstëtzt huet. Dat heescht, e klenge Gest, deen eis vill Freed mécht an deene Bouwen um Terrain och. Also Win-win."

© Marc Meyers
No der Victoire vun der Bierchemer U-13 sinn d'Spiller vun der éischter Ekipp op den Terrain gaangen, fir zesumme mat deene jonke Sportler eng gemeinsam Foto ze maachen. Nom ville Feieren, well och d'U-17 konnt d'Coupe mat an de Réiserbann huelen, huet d'éischt Ekipp elo e puer Deeg Paus, ier dann d'Missioun Doublé an d'Viséier geholl gëtt.