Déi 32. Europameeschterschaft am akrobateschen Turne war dëst Joer hei zu Lëtzebuerg an der Coque a se ass um Ouschtersonndeg op en Enn gaangen.

Et brauch Kierperspannung, Beweeglechkeet a Kraaft. Komplizéiert Figuren, wou een iwwert deem aneren an der Loft ass, just festgehale mat enger Hand, Saltoen an der Luucht an deen anere fänkt een op. Akrobatik geet zréck bis an d‘Mëttelalter. Hautdesdaags kennt een esou Biller nëmmen aus dem Zirkus, ma akrobatescht Turnen ass eng Disziplin, déi ëmmer méi beléift gëtt.
 
Zwou Woche laang ass d‘Ekipp vun der FLGym all Dag an der Coque, fir of- an opzeriichten a wärenddeem ze kucken, dass alles fonctionéiert. Zwou Wochen, well net nëmmen d‘Europameeschterschaft vun de Senioren ausgedroe gouf, mee och déi Jonk am Alter vun 11 bis 18 Joer eng international Competitioun am Virfeld kruten.

Als Organisateur hu si sech ëm de Logement, wéi och ëm den Transport hei am Land ze këmmeren. Sief et d'Departen an d‘Arrivéeë vun den 23 Ekippe plangen an och den Transport op d‘Trainingen oder d‘Competitioun selwer. En Challenge bei 500 Athleten an Athletinnen an hirem Staff. Genee esou si si och responsabel fir de Catering op der Plaz.
 
Am Géigesaz zum traditionelle Konschtturne geet et beim akrobateschen Turnen drëms, als Kollektiv an engem Grupp vun zwou, dräi oder véier Persoune Figuren a Pyramiden ouni Gerät um Buedem ze weisen. Et ass eng Kombinatioun aus Flexibilitéit, Kraaft, Dynamik a Balance.
 
Et ass schonn aussergewéinlech, dass ee sech als Land mellt, fir esou e grousst Evenement op d‘Been ze stellen, wann ee selwer keng national Competitiounen am akrobateschen Turnen huet. Mee bei der FLGym sollt dat d‘Motivatioun sinn, fir den Turnsport hei am Land weider ze dreiwen a méi diversifiéiert Formen dovunner unzebidden.

Flott Andréck vun de Kompetitiounen