Den 30. Mee spillt déi Lëtzebuerger Dammen-Futtballnationalekipp hire leschten Heemmatch am Stade Henri Dunant zu Beggen géint Armenien.

Um Mëttwoch de Moien um 10 Auer ginn d‘Ticketen an de Verkaf.

Fir d‘Rout Léiwinnen ass et eng wichteg Partie, fir an hirem Grupp op der éischter Plaz ze bleiwen an esou weiderhin gutt Chancen ze behalen fir opzesteigen.

Den Entréesticket kascht 10 Euro, fir déi Jonk ënner 14 Joer ass et gratis. D‘Supporter vun den FLF-Damme kënnen Billeten op flf.lukafen.

Den 3. Juni hunn Laura Miller a Co. dann nach den Auswäertsmatch am Kasachstan.