Käerjeng klappt Déifferdeng an engem intensive Match 29:27, wärend Diddeleng um Enn keng Problemer zu Esch hat. D'nächst Woch stinn déi zweet Matcher un.

De Champion bei den Damme gëtt dëst Joer eng éischt Kéier an engem K.O.-System ausgespillt. Dat war op der Generalversammlung am Juni 2024 mat grousser Majoritéit vun de Veräiner decidéiert ginn. D'Ekippen triede jeeweils an zwee Matcher géinteneen un, wou fir d'éischt Goldifferenz gekuckt gëtt, wann et no 120 Minutte gläich stoe sollt. Wann d'Goldifferenz identesch ass, geet et direkt an d'Siwemeter-Schéissen.


Axa League Dammen

Käerjeng huet sech vun der knapp verluerener Coupefinall virun enger Woch net erofzéie gelooss a gewënnt en intensive Match géint d'Red Boys Déifferdeng29:27. Virun allem d'Jenny Zuk (Käerjeng) an d'Rijalda Cilovic (Déifferdeng) hu mat hiren 10 Goler zu dësem knappe Resultat bäigedroen. Awer och d'Déifferdengerin Sarah Kupke mat 9 Goler war eng grouss Stäip.

Käerjeng hat de bessere Start a louch séier 7:2 vir. Och duerno konnt de Rekordchampion de Virsprong bei 4-5 Goler halen. Déifferdeng huet sech an dëser Phas schwéier gedoen, mee koum ëmmer besser an de Match. Dat och, well Käerjeng ab der 20 Minutt am Ugrëff e bëssen de Fuedem verluer huet. Sou konnten d'Red Boys de Réckstand op 2 Goler reduzéieren a kuerz virun der Paus souguer eng éischt Kéier zënter dem 2:2 ausgläichen. Trotzdeem goungen déi Gréng mat 14:13 an d'Kabinnen.

D'Gäscht konnten de Match no der Paus séier dréinen a konnten dës Féierung bis an d'48. Minutt halen. Käerjeng hat dunn nees de Momentum, genee rechtzäiteg fir d'Crunchtime. Véier Minutte viru Schluss louch d'Lokalekipp op eemol mat 4 Goler vir (28:24) an hat eng gutt Ausgangspositioun fir de Réckmatch, mee an de leschte Minutten ass de Grénge just nach ee Gol gelongen an Déifferdeng koum nach eng Kéier geféierlech erun.

De Réckmatch ass den 8. Mee am neie Centre sportif John Scheuren zu Uewerkuer. Et ass den éischten offizielle Match an der renovéierter Sportshal.

D'Resultat vu 36:24 fir Diddeleng gesäit kloer aus, mee an der éischter Hallschent huet den HB Esch gutt dogéint gehalen. Trotzdeem konnt d'Ekipp vum Trainer Mikel Molitor mat enger klorer Avance (19:14) an d'Paus goen. Am zweeten Duerchgang gouf d'Avance lues a lues méi grouss an duerno hunn d'Fiiss den Turbo gezünt. An der 45. Minutt louch een eng éischt Kéier 10 Goler vir. Elo huet et geheescht, sech e gudde Polster fir de Réckmatch, deen de 6. Mee usteet, ze sécheren. An dat hu Kim Wirtz & Co gemaach.

Relegatioun Dammen

An der Relegatioun huet sech de Museldall 33:29 géint den HC Standard behaapt an Dikrech hat beim 37:24 keng Problemer zu Réiden. Hei ginn déi decisiv Matcher den 10. Mee gespillt.

Relegatioun Hären

Wärend d'Axa League wéinst der Campagne vun der Nationalekipp eng Paus aleet, sinn d'Ekippen an der Relegatioun am Asaz. Rëmeleng stoung jo schonn als Opsteiger fest, Dikrech kann dat e Sonndeg mat enger Victoire zu Péiteng kloermaachen.

D'Esperance Rëmeleng klappt den HC Réiden kloer 38:29 an den HB Leideleng verléiert e bëssen iwwerraschend 28:30 géint den HB Miersch.