De Racing huet weiderhi 5 Punkte Virsprong op Hesper. Béid Favoritten hunn hir Matcher e Samschdeg gewonnen.

De Champion Racing muss seng Meeschterparty nach eng Kéier verréckelen. D'Stater hunn hir Aufgab bei der Jeunesse Jonglënster mat 3:0 erleedegt, mee och Hesper ass als Gewënner vum Terrain gaangen. Anescht wéi hir männlech Kolleegen hunn d'Damme vum Holleschbierg 4:2 zu Ell gewonnen. De Racing an Hesper trennen zwee Spilldeeg viru Schluss weiderhi 5 Punkten.

Am Ofstigsgrupp huet Dikrech souverän 4:0 géint d'Union Mäertert-Waasserbëlleg gewonnen. WMG, d'Entente tëscht Wuermer, Mënsbech a Gréiwemaacher, huet der Entente Norden/Housen souguer eng Dose Goler geschoss (13:0). Tëscht Mamer an Déifferdeng si keng Goler gefall.

Resultater

Playoff-Titel: Resultater

Playoff-Ofstig: Resultater

Tabell

Playoff-Titel: Tabell

Playoff-Ofstig: Tabell