Mamer fir d'14. Champion, Bartreng erzwéngt 3. Match

© Serge Olmo
D'Mamer Damme klappe Walfer kloer 3:0. An enger spannender Partie hu sech d'Bartrenger Hären 3:2 zu Stroossen duerchgesat.
Hären
Nodeems de VC Stroossen d'lescht Woch mat engem 3-0 d'Viraarbecht fir eng Championsfeier doheem geleescht hat, huet sech den Titelverdeedeger um Samschdegowend missen an eegener Hal, no engem Krimi, geschloe ginn.
Saz 1: 25 - 15
Am éischte Saz huet d'Heemekipp direkt gewisen, datt Victoire vum leschte Weekend keen Zoufall war. Motivéiert bis an d'Fangerspëtzen, hu si de Volley Bartreng ënner Drock gesat. Dobäi waren zwee taktesch Varianten ze erkennen. Bis zum 19. Punkt goung bei Stroossen bal all Ball duerch d'Mëtt. Souwuel de Pablo Rocha Camargo ewéi och de Ryan Matilde da Luz konnten hei massiv Punkte markéieren. Donieft hunn all d'Stroossener Spiller de Bartrenger Steve Weber mam Service gesicht. Domat hu si de stäerkste Bartrenger Ugräifer gréisstendeels aus der Attack eraus geholl a konnten de Block an d'Defense perfekt astellen.
Saz 2: 25-21
Ganz esou einfach sollt et am zweete Saz net weidergoen. Bäi Bartreng koum de Mathis Esselin fir de Jaromir Kolacny op den Terrain. D'Defense bei de Gäscht stoung besser an nodeems si e puer Stroossener Bäll aus der Mëtt verteidegt haten, hunn d'Stroossener no neie Léisunge misse sichen. Och de Max Funk huet bei Bartreng opgedréint, seng Matspiller fräigespillt an domat war de Saz laang ausgeglach. En éischte Bartrenger Temps mort bei 16-18 sollt genee esou ouni Wierkung bleiwen ewéi den zweete bei 21-17. De Lëtzebuerger Nationalspiller Mateja Gajin huet mam leschte Punkt am zweete Saz fir den 2:0-Virsprong fir den Titelverdeedeger gesuergt.
Saz 3: 23-25
Ufank vum drëtte Saz konnt de VC Stroossen sech e klengen Ecart vun 2 Punkten erausspillen. Dësen hunn si och gebraucht. Wärend enger kuerzer Phas vun zirka 6 Minutten huet d'Konzentratioun nogelooss a Bartreng war bei 10-10 nees drun. Kuerz drop eng Schrecksekonn fir d'Heemekipp, wéi de Mateja Gajin no enger Attack ewechgerutscht war. No engem Timeout vu Stroossen konnt hien awer weiderspillen. Nawell hat Bartreng elo Blutt geleckt a konnt op 17-14 fortzéien.
Bartreng war "am Flow" an d'Stroossener hu sech ongewinnt vill Feeler geleescht. No sengem zweeten Temps mort huet de Massimo Tarantini den Todor Topalov fir de Gajin op den Terrain geschéckt. Stroossen koum nach emol méi no
erun, mee de Volley Bartreng huet säin drëtte Sazball genotzt an domat verkierzt.
Saz 4: 16-25
De Sazgewënn huet d'Bartrenger ugedriwwen. De Momentum war kloer op hirer Säit. D'Gäscht hunn de Stroossener Libero Garbo mam Service gesicht, an dësen hat net säi beschten Dag erwëscht. Ouni Receptioun konnt d'Heemekipp hir Stäerkt an der Mëtt net méi asetzen. Bei 3 Punkte Réckstand (6-9) koum de Renan Ribeiro fir de Stroossener Kapitän Milosevic op den Terrain. Duerno huet de Simoao Novais d'Verantwortung an der Receptioun vum Lorenzo Garbo iwwerholl. Si hu gekämpft, fir nees erunzekommen, mee d'Alternativen hu gefeelt. Bei 14-21 huet schonn alles no engem fënnefte Saz ausgesinn. An dozou sollt et dann och kommen.
Saz 5: 11-15
Am decisive Saz war et richteg spannend. Eréischt en Netzroller huet den éischte Break provozéiert. Do stoung et da 6-5 fir de Volley Bartreng. Säin zweete Break krut Bartreng duerch e Feeler vun de Stroossener beim 8-6. Elo goufen d'Säite gewiesselt a Bartreng huet direkt nach een dropgesat. D'Stroossener Reaktioun huet net laang op sech waarde gelooss. Bei 8-9 ware si nees drun. An awer war de Bëss bei Funk, Weber a Cornil méi grouss. Bartreng konnt sech nees mat 4 Punkten ofsetzen. Dës 4 Punkte konnt de Volley Bartreng verteidegen, an et war dem Jaromir
Kolacny vergënnt, de leschte Punkt ze markéieren. Domat kënnt et den nächste Weekend zu Bartreng zum drëtten an entscheedende Match ëm de Championstitel am Härevolleyball.
Am Playdown huet sech de Chev Dikrech mat 3:1 géint Esch behaapt.
Dammen
Siwe Joer hannerteneen huet d'Résidence Walfer de Championstitel feiere kënnen. 2025 gouf dës Serie gebrach. De VC Mamer setzt sech an der Serie Best of three am zweete Match duerch. Nom 3-1 an eegener Hal virun enger Woch konnt de Coupegewënner elo mat engem 3-0 zu Walfer confirméieren.

© Serge Olmo
Saz 1: 18 - 25
Eréischt bei 10-7 konnt sech de VC Mamer eng éischt Kéier richteg ofsetzen. Walfer huet versicht, dogéint ze halen, mee déi Mamer Defense stoung bal ëmmer goldrichteg. Bei 15-21 huet de Walfer Coach seng routinéiertst Spillerin Polina Pitou agewiesselt. Ze spéit awer, fir de Saz nach ze dréien.
Saz 2: 17-25
Ganz änlecht Bild am zweete Saz. Walfer hält am Ufank nees gutt mat. Nodeems Nathalie Braas eng éischt Kéier um Service war, geschitt eppes éischter Ongewéinleches. An enger u sech gudder Rotatioun mat 3 Ugräiferinnen um Netz
geléngt Walfer bei 7 Ballwiessel hannertenee kee Punkt méi. Et war d'Sara Hasku vu Mamer um Service, wat déi Walfer zur Verzweiwlung bruecht huet. Dësen Ecart vun 8-15 Punkte konnt d'Heemekipp net méi gutt maachen.
Saz 3: 11-25
Am drëtte Saz huet de Laurent van Elslande nach emol alles probéiert an eng nei Opstellung op den Terrain geschéckt. Och d'Polina Pitou gouf beim Stand vu 5-10 nees agewiesselt. Mee och si konnt de Réckstand net méi guttmaachen. Mamer huet säi Spill konstant duerchgezunn a Walfer hat deem näischt méi entgéintzesetzen. Beim zweeten Timeout (9:17) war de Retard schonn op 8 Punkte gewuess. Duerno si Walfer just nach 2 Punkte gelongen a Mamer konnt no der Coupe elo och de Championstitel feieren. Et ass de 14. Championstitel fir de VC Mamer.
Am Playdown huet Bartreng 3:1 beim Escher VBC gewonnen.
E Sonndeg spillt nach Stengefort géint Iechternach.