"Mir waren eng hongreg Generatioun"
An zwou Woche fänken d'Spiller vun de Klenge Länner an Andorra un. De Raphaël Stacchiotti huet bei 7 Participatiounen 49 Medaile gewonnen.
33 Joer huet de Raphaël Stacchiotti. Am Summer 2021, fir d’Olympesch Spiller a Japan, goung dem Schwëmmer seng sportlech Karriär op en Enn. Deemools hat de gebiertegen Ettelbrécker 29 Joer.
Mëttlerweil ass den Athlet bestuet. Mat senger Fra, dem Jill Goerens, huet de Raphaël Zwillingen. D’Ella an d’Emilie. 4 ½ Joer al. No e puer Joer als Sportkoordinator an der Biisser Gemeng schafft de fréieren Olympionik elo als Agent bei enger grousser Versécherungsagence um Sennengerbierg.
"Ech well op d’Olympesch Spiller"
D’Summerspiller 2000 zu Sydney. De Raphaël Stacchiotti kuckt mat sengen 8 Joer ganz gespaant op de Fernsee doheem bei sengen Elteren. "Ech well och eng Kéier dohinner". Dëst seet de klenge Bouf zu senger Mamm a sengem Papp.
2004 d’Summerspiller zu Athen. De Raphaël Stacchiotti, mëttlerweil 12 Joer al, dreemt vun dësen Olympesche Spiller. "Da gees du a 4 Joer mat", esou dem Raphaël säi Papp. "Marco, du hues se net méi all. Wei wann hie mat 16 Joer op d’Olympesch Summerspiller géif goen", esou kontert d’Mamm deen Ament hirem Mann.
Um Weekend vun Nationalfeierdag 2008 huet den Ettelbrécker Schwëmmer sech du fir d’Olympesch Summerspiller a China qualifizéiert. Op enger Course zu Belgrad op den 200 Meter Crawl.
No de Summerspiller zu Peking koumen nach 3 Participatioune vum Raphaël Stacchiotti bei Olympesche Summerspiller dobäi. 2012 zu London, Rio am Joer 2016 an zum Schluss 2021 zu Tokio.
"Zu London war d’Zil vun enger 1/2er Finall. Dat ass awer leider em 10 Honnertstel schlussendlech net duer gaangen. Leider", esou de Sportler. "Do hunn ech laang Joren dru geknabbert".
Éischte Goldmedail mat 15 Joer
Op de Spiller vun de Klenge Länner zu Monaco huet de 4-nages-Spezialist seng éischte Goldmedail gewonne gehat. Dat war am Joer 2007 mat deemools 15 Joer. Deemools awer nach op den 100 Meter Réck. Zwee Joer drop op Zypern huet den Ettelbrécker Athlet 7 Gold- an eng Sëlwermedail bei 8 eenzele Course mat op Lëtzebuerg bruet. 2009 dunn och d’Spezialisatioun op 4 nages.
Tëscht 2007 an 2019 huet de Raphaël un de Spiller vun de Klenge Länner deelgeholl. Monaco, Zypern, Liechtenstein, Lëtzebuerg, Island, San Marino a Montenegro. 49 Medailen huet de fréiere Sportlycée Schüler an all deene Jore gewonnen. 40x Gold, 7x Selwer an 2x Bronze. "Mir waren eng hongreg Generatioun", esou de Schwëmmer am RTL Interview. "Mir wollten all séier op d’Olympesch Spiller. Den Dram war bei jidderengem". Dana Gales, Christine Mailliet, Laurent Carnol, Jacqueline Mailliet, Jean – François Schneiders, Julien Henx. Et war eng staark Generatioun am Waasser ënnerwee.
"Mir hunn eis géigesäiteg gepusht a géigesäiteg vun en neen profitéiert wéi mir besser kënne ginn. Ech ka mech un 100te vu Seancen erënneren, wou u sech net den Trainer eis korrigéiert huet, mee mir hunn eis selwer korrigéiert. Wärend dem Training, no de Courssen. Dat war herrlech", esou schwäermt elo nach de Raphaël Stacchiotti vun dëser eemoleger Zäit.
"D’Spiller vun de Klenge Länner hunn eng grouss Plaz a mengem Häerz"
De Raphaël Stacchiotti schwäermt nach elo vun dëse Spiller. "Et ass alles ëmmer esou familiär bei dëse Spiller. Et ass DEEN Event all zwee Joer wou’s du weess, dass ganz Lëtzebuerg d’Aen op des Spiller geriicht huet". D’Kollegialitéit, d’Ambiance vun dësem Event vermësst de fréieren Elittesportler. "D’Spiller vun de Klenge Länner sinn e gutt Sprangbriet fir déi Jonk awer och e gudden Test fir déi méi etabléiert Athleten", esou nach de Raphaël Stacchiotti um Enn vun eisem Gespréich.