Duerch eng Victoire beim Chev Dikrech spillt de Standard déi nächst Saison an der héchster Divisioun. Dikrech spillt an der Promotioun.

Relegatioun Dammen

Dem Standard ass d'Plaz, fir d'nächst Saison an der Axa League ze spillen, net méi ze huelen. D'Stater Ekipp huet 29:26 beim Chev Dikrech gewonnen an duerft no der Sireen feieren. Et war de ganze Match iwwer eng serréiert Partie, wou sech keng Ekipp méi wéi 3 Goler ofsetze konnt. D'Gäscht louche quasi déi komplett zweet Hallschent vir, éier Dikrech 2 Minutte viru Schluss ausgläiche konnt. Duerch géigneresch Feelpassen an dat néidegt Gléck am Ugrëff konnt de Standard den Terrain awer nach als Gewënner verloossen. D'Judit Ferencz (7 Goler) an d'Marta Szejerka (9) hunn hiren Deel dozou bäigedroen. Fir Dikrech sinn déi 9 Goler vun der Laurence Hoffmann net duergaangen.

Well d'Axa League d'nächst Saison op 6 Ekippe reduzéiert gëtt an Dikrech de Standard net méi vun der zweeter Plaz verdränge kann, steet fest, dass de Chev no Éiwegkeeten an der héchster Divisioun an d'Promotioun ofsteigt.

Am zweete Match huet sech den HB Museldall keng Bléisst beim HC Atert Réiden ginn. D'Ekipp vum Trainer Jeff Paulus konnt sech ouni Problemer 29:20 behaapten. Réiden war just mat 8 Spillerinnen ugetrueden a bleift mat 0 Punkten Tabelleleschten. De Museldall huet seng Plaz an der Axa League och scho gebucht.

Relegatioun Hären
An der Häre-Relegatioun gouf et zwou kloer Victoirë vun den Opsteiger Rëmeleng an Dikrech. Rëmeleng iwwerrennt Miersch 52:29 an Dikrech raséiert Leideleng 42:22. Den HB Péiteng huet beim 37:34 géint Réiden e bësse méi spannend gemaach.