Basket-Federatioun huet de Kalenner fir nächst Saison presentéiert

Eng vun den Nouvellen op der ausseruerdentlecher Generalversammlung vun der FLBB war déi, dass d'Damme vun de Musel Pikes an der Enovos League bleiwen.
Fir e Samschdeg de Moien hat d'FLBB op eng Ausseruerdentlech Generalversammlung invitéiert. Den Haaptsujet vun der Assemblée war d'Presentatioun vum Kalenner 2025/26.
D'Saison an der Enovos League wäert den 20. September ufänken. Souwuel d'Damme wéi d'Hären hunn iwwer d'Saison zwou FIBA-Fënstere mat Lännermatcher. Wéinst de Lännermatcher kann och d'Coupefinall net wéi gewinnt am Mäerz gespillt ginn. Dësen Event steet de 7. Februar um Programm. D'Finalle vum Championnat ginn am Mee 2026 gespillt.
U18-Selektioun vun der FLBB an der Nationale 2
Ofgestëmmt hunn d'Clibb doriwwer, ob d'nächst Saison eng U18-Selektioun vun der FLBB an der Nationale 2 matspillt. Hei gouf et eng Zoustëmmung vun 82 Prozent fir de Projet vun der Federatioun.
Damme vun de Musel Pikes bleiwen an der Enovos League
Bei den Damme wäerte wuel déi nämmlecht aacht Ekippen an der Enovos League spille wéi 2024/25. Nodeems de Black Star Miersch op de sportlech erreechten Opstig verzicht huet an d'Etzella Ettelbréck d'Ufro vun der FLBB och ofgeleent huet, hunn d'Musel Pikes confirméiert, dass de Veräi wëll an der héchster Liga bleiwen.