Mamer steigt an d'BGL Ligue op

© Theo Mersch
De Weekend war an der Éierepromotioun den 28.Spilldag. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.
Duerch eng 4:0-Victoire géint Beggen steet den FC Mamer als éischten Opsteiger an d'BGL Ligue fest. D'Ekipp vum Trainer Dean Léen ass domadder zäitgläich och Champion an der Éierepromotioun.
Hannendru bleift et am Duell ëm déi zweet weider spannend. No enger 4:3-Victoire géint d'Etzella Ettelbréck ass Käerjeng elo mat 56 Punkten neien Tabellenzweeten. Dat well Biissen zu Feelen net iwwert en 0:0 erauskomm ass. Fir déi lescht zwee Matcher bleift hei also nach alles oppen.
Och fir déi zweet Barrageplaz gëtt et nach richteg enk. Kanech huet sech doheem misse mat 0:2 géint den direkte Konkurrent Luxembourg City geschloe ginn a steet elo mat hinne punktgläich mat 43 Punkten op der 4. Plaz.
Ënne vun der Tabell steet Beggen kuerz virum Ofstig an déi 1. Divisioun. Duerch déi Defaite géint Miersch steet zwee Matcher viru Schluss ee Réckstand vu fënnef Punkten op eng Barrageplaz. Do stinn nom 28. Spilldag punktgläich Këppchen a Schëffleng.