Lëtzebuerg schléisst Campagne mat kämpferescher Leeschtung of

© AFP (Archiv)
Zu Rijeka verléieren d’Rout Léiwen 20:30 géint de Vize-Weltmeeschter Kroatien. Et war net dat erwaart Show-Lafe vun de Kroate virun eegenem Public.
Et hat een näischt ze verléieren, a genee esou sinn d’Rout Léiwen de Match och ugaangen. Trotz enger kämpferescher Leeschtung huet sech Lëtzebuerg mat 20:30 géint Kroatien musse geschloe ginn.
D’Rout Léiwen hu sech déi éischt Hallschent gutt geschloen an hunn d’Consignë vum Nationaltrainer Maik Handschke besser ëmgesat wéi géint Tschechien e Mëttwoch. An der Defense huet een d’Kroate fréi attackéiert an hat am Mika Herrmann och e staarke Réckhalt. Den Diddelenger koum nees op néng Paraden an den éischten 30 Minutten.
Bis an d’20. Minutt konnten d’Lëtzebuerger gutt mathalen, mee duerno huet Kroatien den Tempo ugezunn an och d’individuell Stäerkt vun de Kroaten ass a ville Situatiounen opgeblëtzt. Obwuel d’Haushären ab der 20. Minutt e méi groussen Ecart maache konnten (10:6), sinn d’Lëtzebuerger hirem Konzept am Ugrëff trei bliwwen an hunn dës laang ausgespillt. D’Spill mam Krees huet och besser funktionéiert wéi géint d’Tschechen. An der Paus stoung et 15:10 fir Kroatien.
Och nom Säitewiessel konnt een déi éischt zéng Minutten ausgeglach gestalten; béid Ekippen hate jee véier Goler markéiert. Lëtzebuerg huet Kroatien laang net vill Geleeënheete ginn, fir séier Goler ze schéissen, an huet iwwer wäit Strecken e gutt Réckzuchverhale gewisen.
Wat de Match méi laang gedauert huet, hu sech awer ëmmer méi Feeler am Ugrëff ageschlach a Kroatien konnt den Ecart ëmmer weider eropschrauwen. Och de kroatesche Golkipp Dominik Kuzmanovic huet staark gehalen a koum um Enn op 13 Paraden, wat 42 Prozent entsprécht, wat am Handball eng staark Quot ass. De Loïc Kaysen war mat 5 Goler beschte Buteur vun de Roude Léiwen.
Kroatien huet dës Qualifikatiounscampagne ouni Néierlag ofgeschloss an ass fir d’EM 2026 qualifizéiert, genee wéi Tschechien.