Dat huet déi brasilianesch Nationalekipp e Méindeg offiziell confirméiert.

Domat hu sech d'Gerüchter aus der leschter Zäit confirméiert, deenen no de 65 Joer alen Italiener no der Saison net méi bei Real Madrid weider um Trainerstull bleiwe sollt. Mam Xabi Alonso, dee mat Leverkusen den däitsche Championstitel wanne konnt, soll donieft och schonn en Nofollger fonnt gi sinn.

De Carlo Ancelotti ass zanter 2021 Trainer bei de Kinneklechen an huet an där Zäit ënner anerem zwee Mol d'Champions League, zwee Mol de Championnat an ee Mol d'Coupe gewonnen. Dës Saison wäert et no der Defaite e Sonndeg géint Barcelona héchstwarscheinlech keen Titel fir d'Ekipp aus Madrid ginn. Bei senger neier Aufgab gëtt hien donieft den éischten auslänneschen Trainer an der Geschicht vun der "Seleção"