Den Damme-Champion gëtt dëst Joer am Best-of-Three-Modus ausgespillt. Käerjeng huet nom 34:30 zu Diddeleng eng Hand un der Meeschtertrophée.

Et war de Remake vun der Coupefinall virun dräi Wochen, wou Diddeleng knapp 20:19 gewonnen hat. Mee wéi am leschte Championnatsmatch Enn Mäerz war Käerjeng dës Kéier déi dominant Ekipp a geet verdéngt mat 34:30 als Gewënner vum Terrain. D’Diddelenger Dammen hunn eréischt vun der 45. Minutt un ugefaange mat Handball spillen a konnten d‘Néierlag trotz der schlechtster Saisonsleeschtung nach a Grenzen halen.

E bëssen iwwerraschend stounge bei Käerjeng d’Maria Dascalu a beim HBD d’Golkippesch Pauline Leythienne fir dëse Match nees am Kader. Et schéngt en Trend ze ginn, dass Diddeleng an der Ufanksphas haseleg spillt an engem héije Réckstand hannendru lafe muss. Dëse Phenomen zitt sech virun allem a wichtege Matcher wéi e roude Fuedem duerch déi lescht Diddelenger Matcher. Den HBD huet 7 Minutte gebraucht, fir den éischte Gol ze markéieren; Käerjeng hat do schonn dräimol getraff.

Dat konnt dem Trainer Mikel Molitor net gefalen an hien huet en éischten Timeout geholl, mee och dat huet net gehollef. Seng Damme blouwen duerno 7 Minutten ouni Gol. Dat och, well d’Zorana Jurcevic am Käerjenger Gol bal all Ball paréiert huet, deen op si koum.

RTL

© Cliff Bock

Käerjeng hat duerch de gudde Start Selbstvertraue getankt a konnt befreit opspillen. Si hunn hir Ugrëffer duerchgespillt an och hir Bandë gutt agesat; d’Mathilde Poulet konnt an der éischter Hallschent 4 Goler schéissen. Diddeleng koum duerch eng kuerz Drockphas virun der Paus op 5 Goler erun, mee Käerjeng sollt trotzdeem mat 17:10 an d’Paus goen. Wie sech nom Säitewiessel en Diddelenger Stuermlaf erwaart hat, huet bis an d’45. Minutt musse waarden. Den HBD louch ab der 40. Minutt 10 Gol hannen, war an der 54. Minutt awer nees op 4 Goler drun. Sou huet sech awer nach eng spannend Schlussphas entwéckelt, mam besseren Ausgang fir d’Gäscht.

No esou engem schwaarzen Dag mussen d’Diddelenger Fiiss am zweete Match en anert Gesiicht weisen. Käerjeng huet e Freideg e Matchball, fir sech no enger schwéierer Saison awer nach zum Champion ze kréinen. Et wär eng änlech Geschicht wéi bei den Diddelengerinnen d’lescht Saison.