Domadder dierfen déi véier Veräiner déi nächst Saison un den europäesche Couppen deelhuelen.

Den F91 Diddeleng huet an zweeter Instanz déi sougenannten UEFA-Lizenz kritt, fir dierfen an den europäesche Couppen ze spillen. Dat gëllt och fir Hueschtert a Beetebuerg. Och de Progrès Nidderkuer hat an éischter Instanz déi Lizenz net kritt a krut se elo an zweeter Instanz.
 
De Club huet e Mëttwoch der FLF awer ee finanziellen Audit presentéiert, deen d‘Krittäre nees géif erfëllen, fir d‘Lizenz 2025/2026 ze kréien.
 
D‘Instanz-Appell huet och nach eng Kéier confirméiert, datt Nidderkuer déi lescht Saison d‘UEFA-Lizenz net hätt dierfe kréien. Deen Dossier geet elo un d‘UEFA, déi da soll tranchéieren.