Ronn zwou Woche virun der Finall tëschent dem PSG an Inter Mailand ass d'Champions-League-Coupe an der bayrescher Haaptstad ukomm.

D'Finall tëscht Paris Saint-Germain an Inter Mailand gëtt den 31. Mee gespillt. Vill Supporter hu sech et net huele gelooss, fir sech mam Pokal "mat de groussen Ouere" fotograféieren ze loossen. Et ass déi éischte Finall zu München zanter 2012. Deemools konnt sech Chelsea London am Eelefmeterschéisse géint Bayern München duerchsetzen. Dëst Joer kéint de PSG et als 2. franséisch Ekipp packen, fir d'Champions League ze gewannen. 1993 hat Olympique Marseille, och zu München, dee bis elo eenzegen Titel fir Frankräich géint den AC Mailand gewonnen. Inter Mailand huet schonn e bësse méi Erfarung a konnt an der traditiounsräicher Vergaangenheet schonn dräimol den Titel an der Champions League feieren.