No 6 Woche Paus war e Samschdeg den Owend den 9. an domat virleschte Spilldag vum Titel-Playoff bei den Hären.

Hären

Den Tabelleleader Déifferdeng huet géint Käerjeng näischt ubrenne gelooss a vun Ufank un e konzentréierten Optrëtt gewisen. No 10 Minutte louchen d'Red Boys scho mat 5 Goler am Avantage, eng Féierung, déi just nach sollt méi grouss ginn. An der Paus stoung et 21:11 zugonschte vun der Lokalekipp, woumat de Match schonn esou gutt wéi entscheet war. Virun allem den Tako (12 Goler) an den Aillaud (9 Goler) ware fir den HB Käerjeng kaum ze stoppen. Um Enn heescht et 38:22 fir Déifferdeng, déi de Championstitel esou d'nächst Woch zu Bierchem an der eegener Hand hunn.

Zu Bierchem hunn d'Spectateuren ee méi enke Match gesinn, an deem d'Gäscht aus Diddeleng an den éischte 15 Minutten liicht d'Iwwerhand haten. Den amtéierende Champion huet dunn allerdéngs opgedréint an d'Partie virun allem mat engem staarke Raphael Guden (13 Goler) u sech gerappt. No 40 Minutte stoung et 23:19 fir d'Lokalekipp, ee Réckstand, deen déi Diddelenger net méi ophuele konnten. Um Enn sollt d'Resultat däitlech ginn - Bierchem klappt Diddeleng 34:26 an huet domat weiderhin 2 Punkte manner wéi Déifferdeng.

De Resumé vum Match vum Serge Olmo

Um leschte Spilldag kënnt et deemno zum decisive Match ëm de Championstitel tëscht Bierchem an Déifferdeng. Diddeleng huet mat elo 3 Punkte Réckstand op d'Red Boys keng Chance méi op den éischten Titel zanter 2015.

Zu Esch huet d'Lokalekipp an enger enker Partie géint de Standard d'Féierung net méi hierginn, soudass et um Enn 29:25 fir den Handball Esch heescht. 

Um leschte Spilldag vun der Relegatioun huet Dikrech Rëmeleng mat 29:25 geklappt, Miersch huet mat 30:29 géint Réiden gewonnen a Leideleng huet géint Péiteng28:30 de Kierzere gezunn.

Et war awer scho gewosst, dass Rëmeleng an Dikrech eng weider Saison an der Axa League spille wäerten.

Dammen

Nodeems Käerjeng sech e Freideg géint Diddeleng de Championstitel geséchert huet, ass et am Duell tëscht Esch an Déifferdeng ëm déi 3. Plaz gaangen. No der knapper Déifferdenger Victoire am éischte Match war et zu Esch méi däitlech. 23:30 hunn d'Escher Spillerinne sech musse geschloe ginn, woumat Déifferdeng 3. gëtt.

Um leschte Spilldag vun der Relegatioun huet Dikrech de Museldall26:21 geklappt an de Standard huet 38:33 géint Réiden gewonnen. Et stoung allerdéngs scho fest, dass de Museldall an de Standard d'nächst Saison an der Axa League spille wäerten.